arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Marteling gëtt neien Direkter vum Centre National de l'audiovisuel

CNA

|
reading time

1 min

De Luc Marteling gëtt neien Direkter vum Centre National de l'audiovisuel

Vum 1. Januar 2027 un gëtt den aktuellen Informatiounsdirekter vun RTL Luc Marteling neien Direkter vum CNA. Dat deelt de Kulturministère an engem Schreiwes mat.

reading time

1 min

Luc Marteling | © 100,7
Luc Marteling (Foto: 100,7)

De Luc Marteling gëtt neien Direkter vum nationalen Audio-Visuellen Zenter. De Conseil de gouvernement huet dëser Propos vum Kulturminister Eric Thill an enger Reunioun de Moien zougestëmmt. 

No senger Schoulzäit am Lycée classique zu Iechternach huet de Luc Marteling zu Münche Kommunikatioun, Psychologie an Philosophie studéiert. Hien huet een zweete Master an der Lëtzebuerger Sprooch op der Uni Lëtzebuerg gemaach. Vun 2019 bis 2023 war hien éischten Direkter vum ZLS - dem Zentrum fir d'Lëtzebuerg Sprooch.

Zënter 2024 ass hien Informatiounsdirekter vun RTL Lëtzebuerg.

Neie Start fir de CNA? 

Am Pressecommuniqué heescht et weider, datt de CNA eng wichteg Roll spillt fir d'Erhale vun der kollektiver Memoire vum Land. De Kulturminister gesäit dës Aufgab mam Luc Marteling an de richtegen Hänn.  

De Carlo Blum ass den Ament Interimsdirekter vum CNA. Säi Mandat ass bis den 31 Dezember vun dësem Joer verlängert ginn. 

An de leschte Jore stoung de CNA ëmmer nees an der Kritik. Ënner anerem ware Wierker, déi hei ausgestallt waren, beschiedegt ginn. Grond soll eng defekt Klimaanlage gewiescht sinn.

Dem fréieren Direkter Gilles Zeimet gouf reprochéiert fir en toxescht Aarbechtsklima gesuergt ze hunn. Rieds war och vu Mobbing.