arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Press soll e besseren Zougang zu Informatioune vum Staat kréien

Chamber

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Press soll e besseren Zougang zu Informatioune vum Staat kréien

Journalisten zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft e besseren Zougang zu Informatioune vu staatleche Verwaltunge kréien. Dat gëtt elo gesetzlech gereegelt. Bis ewell war dat just iwwer eng Circulaire de Fall. Nei ass, datt d'Verwaltung bei Presseufroen en ongeféieren Delai fir eng Äntwert muss uginn.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser | © picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser
Symbolbild Press (Foto: picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser)

D’Gesetz gouf an der Chamber mat grousser Majoritéit ugeholl. Nawell gouf et eng Rei Kriticke vun der Oppositioun. 

LSAP an ALJP ass den Delai ze laang

Am Gesetz gouf de maximalen Delai, bannent deem eng Verwaltung eng Äntwert muss ginn, op 1 Mount fixéiert. Dat wier ze laang, hat d’Associatioun vun de professionelle Journalisten (ALJP) am Virfeld kritiséiert. Och d’LSAP-Deputéiert Francine Closener huet e verkierzten Delai vu 15 Deeg gefuerdert.

"Dernieft muss déi jeeweileg Administratioun bei engem Refus de Grond schrëftlech matdeelen, grad wéi och d'Recoursméiglechkeeten."

Am grousse Ganze begréisst d'ALJP den Text, kritiséiert awer och, datt d'Lëscht vun den Exceptiounen, déi kënnen ugeféiert gi fir keng Äntwert ze ginn, ze onkloer an ze laang wier.

Piraten wëllen déi nämmlecht Rechter fir "normal" Bierger:innen

D’ADR an d’Piraten hu beim Informatiounszougang fir Journalisten dogéint méi e grondsätzleche Problem gesinn. De Piraten-Deputéierte Sven Clement wéilt, datt och Bierger:innen, déi keng Journaliste sinn, Informatioune bei de Verwaltunge kënnen ufroen.

"D'Recht op Informatioun ass e Biergerrecht. A kee Privileeg fir hire Beruff."

Den ADR-Deputéierten Dan Hardy stellt d’Gesetz méi prinzipiell a Fro.

"All Kéier wann nei Definitiounen, nei Prozeduren an nei staatlech Mechanismen dobäikommen, soll ee sech froen, ob dat d'Onofhängegkeet wierklech stäerkt oder net awer éischter schwächt."

An 3 Joer soll dann, zesumme mat de Journalisten an dem staatleche Presseservice, e Suivi vun de Gesetzesännerunge gemaach ginn. Eng entspriechend Motioun vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard gouf an der Chamber unanime ugeholl. 

play_arrow Lauschteren