arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No knapper Woch am Amt: Katie Zacharia schonn net méi Porte Parole vum Donald Trump

USA

|
reading time

2 min

No knapper Woch am Amt: Katie Zacharia schonn net méi Porte Parole vum Donald Trump

Eréischt eng Woch ass et hier, datt den US-President d'Katie Zacharia als Nofollgerin vum Karoline Leavitt annoncéiert huet. Falsch Beruffsbezeechnungen an eng bizar éischt Pressekonferenz schénge lo zu engem séieren Enn gefouert ze hunn.

reading time

2 min

© EPA/SAMUEL CORUM / POOL
(Foto: EPA/SAMUEL CORUM / POOL)

Iwwerraschend kënnt dee fréie Récktrëtt net. E Méindeg réischt hat déi 41-Joer al Zacharia hiren Job als Pressespriecherin vum amerikanesche President ugetrueden. Deen huet scho kuerz drop virun der Press gesot:

"Ech hunn hir (der Katie Zacharia) gesot: 'Ganz éierlech, wann ech du wier, géif ech mer dat Ganzt nach eng Kéier iwwerleeën.'"

Verschiddenen US-Medien no hätt den Donald Trump d'Spriecherin och net fir gëeegent a qualifizéiert genuch gehal.

Elo ass de Récktrëtt, dann och offiziell, wéi d'Porte Parole vun engem US-President mat der kierzter Amtszäit, op X matgedeelt huet.

Mee firwat ass dat elo alles sou séier gaangen?

Eng bizar Pressekonferenz 

En Dënschdeg hat d'Katie Zacharia dunn hir éischt Pressekonferenz, an déi huet éischter enger Slapstick-Show geglach: Bei méi wéi nëmmen enger Occasioun huet si sech verschwat, et konnte kaum Froe gestallt ginn an dat Ganzt war ongewéinlech séier eriwwer.

Mee net eleng dowéinst schéngt hiert Enn sou séier komm ze sinn.

Affekotin oder keng Affekotin?

An der Ëffentlechkeet huet d'Porte Parole sech ëmmer als Affekotin bezeechent. Allerdéngs ass erauskomm, datt si dee kaliforneschen Affekotenexamen zwar 2011 gemaach, awer net gepackt huet.

Hir Beruffskarriär zeechent sech dann och éischter duerch Plazen an der Kommunikatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht aus. Si war Kommunikatiounsberoderin fir d'Trump Media & Technology Group, zu där och Truth Social gehéiert.

Als stellvertriedend Spriecherin fir den US-Heemechtschutzministère huet si och fungéiert.

Iwwerdeems war se ëmmer nees als Kommentatorin um konservative Sender Fox-News an um ultrakonservativen Newsmax ze gesinn.