Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Gold Coast Sinkin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mouvement écologique rifft zur Huesenzielung op

Déierewelt

De Mouvement écologique rifft zur Huesenzielung op

Virun e puer Deeg huet de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall dozou opgeruff Huesen ze zielen. Jidderee ka matmaachen. D'Huesenzielung hëlleft, wichteg Donnéeën iwwer de Bestand vun den Déieren ze sammelen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Virun zwou Woche gouf e Fall vun Huesepescht am Land confirméiert. Dofir muss een oppasse bei der Huesenzielung, well Huesepescht fir Mënsch an Déier geféierlech ass. Dofir sollt een doudeg Deieren net upaken an den Hond un der Léngt halen, erkläert d'Claire Wolff,  Biodiversitéit-Responsabel beim Mouvement écologique.

"Doudeg Huese soll een am beschte Fall der Veterinärsverwaltung mellen. A wann een ee kranken Hues beobacht oder gesäit, also ëmmer vu Wäitem, fuerdere mir d'Leit op, ëmmer ewechzebleiwen."

D'Déiere solle bei där Aktioun och a Rou gelooss ginn. Dofir baséiert sech d'Huesenzielung op Fotoen a Meldunge vu Leit. "Egal wéi soll een ëmmer d'Déieren net stéieren oder onnéideg ophetzen", esou d'Claire Wolff.

Evolutioun vun den Huese beobachten

Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Huesen zu Lëtzebuerg gezielt ginn, mee opfälleg wier awer, datt a verschiddene Géigenden, notamment am Norden an am Oste vum Land, manner Huesen nogewise goufen. Mee dat hätt éischter dru geleeën, datt manner Leit d'Huese gemellt hunn, erkläert d'Claire Wolff. 

"Mir hoffen dëst Joer, datt do nach méi Leit matmaachen, well effektiv ass et elo net sécher, ginn et do manner Huesen oder hunn einfach manner Leit matgemaach, oder hunn einfach manner Leit, déi gemellt. Dowéinst géife mir elo dëst Joer gäre probéieren, déi Lächer op der Kaart e bëssen ze fëllen an der Hoffnung, datt awer och trotzdeem do nach Huese sinn."

De Mouvement écologique wëllt also gäre méi Donnéeën zu den Huesen hei am Land hunn, mee wat geschitt eigentlech mat deenen Donnéeën? D'Claire Wolff erkläert, datt doduercher de Status vum Déier bestëmmt ka ginn. Esou gëtt gekuckt, wéi vill Déieren nach do sinn, a wéi et hinne geet.  

"Gëtt et do Schwankungen iwwer d'Joren? Gouf et der méi? Gouf et der manner? A grad zum Hues wësse mir einfach, datt säi Liewensraum sech vill verännert huet. Dat heescht, wou et der viru Joerzéngten nach vill méi gouf oder gesi goufen, gesäit een der elo vill manner."

Per App: Matmaachen ass ganz einfach

D'Donnéeë vun der Zielung ginn an enger zentraler Datebank gesammelt, wou och den natur musée Zougrëff huet. Wien elo bei der Huesenzielung matmaache wëllt, dee kann dat beispillsweis ganz einfach iwwer eng speziell App mam Numm iNaturalist, déi ee gratis erofluede kann.

"Wann een da spadséiere geet an iergendwéi den Hues gesäit, da kann een eng Foto vun deem maachen an da mat der App eroplueden. Do ginn dann automatesch och d'Koordinate vun där Plaz mat agespeist an da weess een, wou den Hues gesi ginn ass."

Wann den Hues séier fortleeft, dann ass et méi schwéier fir eng Foto ze maachen, mee et kann een dann trotzdeem aginn, datt een den Hues gesinn huet an da gëtt e bei der Aktioun matgezielt.

Text: Lynn Taziaux

Lauschterenplay_arrow