search

/ De Ruy Pinto léist de Marc Serres als CEO vun der Luxembourg Space Agency of

National

|
reading time

1 min

De Ruy Pinto léist de Marc Serres als CEO vun der Luxembourg Space Agency of

De Ruy Pinto ass neien Interim-CEO vun der Luxembourg Space Agency. Dat huet déi national Weltraum-Agence matgedeelt. Hien ass domat de Nofollger vum Marc Serres. De Ruy Pinto hätt eng joerzéngtelaang Erfarung am Space-Secteur heescht et nach am Communiqué. Säi Kontrakt leeft elo mol fir 6 Méint.

reading time

1 min

Marc Serres | © Jo Diseviscourt
Marc Serres (Foto: Jo Diseviscourt)

D'LSA gouf 2018 vum Economiesministère gegrënnt a soll en nationale Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg entwéckelen.

De Marc Serres huet d'Space Agency op eegene Wonsch verlooss a geet elo an d'Privatwirtschaft schaffen, wéi mir op Nofro hi matgedeelt kruten.