Radioen

On air

De Weekend  |  Craig Finn - People Of Substance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wladimir Putin soll bereet sinn, "wann néideg" mam Wolodymyr Selenskyj ze verhandelen

Treffen zu Riad tëschent Lawrow a Rubio

De Wladimir Putin soll bereet sinn, "wann néideg" mam Wolodymyr Selenskyj ze verhandelen

Véier an eng hallef Stonne laang souzen den amerikaneschen an de russeschen Ausseminister Marco Rubio a Serguej Lawrow de Moien an der saudiarabescher Haaptstad Riad zesummen. Béid Diplomatiecheffe sollten d‘Verhandlunge fir e Fridden an der Ukrain virbereeden. Dat nodeems d‘lescht Woch déi zwee Presidenten Donald Trump a Wladimir Putin mateneen telefonéiert haten.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Konkret Resultater ginn et keng, mee d‘Treffe wier awer ganz wichteg gewiescht, fir d‘Fundament fir déi zukünfteg Kooperatioun tëscht den USA a Russland ze leeën. Fir een dauerhafte Fridden an der Ukrain ze schafen, misst awer nach vill passéieren, huet et an engem Communiqué vun der amerikanescher Säit geheescht.

Den US-President wier awer deen eenzegen, deen am Ukrainkrich béid Säiten zu enger Léisung beweege kéint. D‘USA géifen hir Stäerkt notzen, fir Russland an d‘Ukrain zesummenzebréngen.

Déi zwee Ausseministere sollten zu Riad och e perséinlecht Treffen tëscht dem US-President an dem Kremlchef preparéieren. Do hätt haut awer nach keen Datum kënne festgeluecht ginn.

Vertrieder vun der Ukrain an der EU sinn zu Riad net dobäi, wat schaarf kritiséiert gouf.

Aus dem Kreml vu Moskau heescht et awer elo, datt - wann néideg - de russesche President Wladimir Putin bereet wier, fir mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ze verhandelen.