Zu de Kriticken, datt d'Ukrain net fir d'Gespréicher tëschent den USA a Russland gëschter a Saudi-Arabien invitéiert war, sot den Trump, d'Ukrain wier schonn dräi Joer laang derbäi an hätt scho laang en Accord mat Russland kënne fannen, an de bal dräi Joer, déi de Krich elo dauert. Den Donald Trump huet net erwäänt, datt Russland d'Ukrain ugegraff huet.
Hie sot weider, et wier warscheinlech, datt hien de russesche President Wladimir Putin nach dëse Mount wäert begéinen.
D'Gespréicher gëschter a Saudi-Arabien tëschent den USA a Russland huet den Trump als "ganz gutt" qualifizéiert. Hie wier elo méi optimistesch iwwer e méigleche Fridde fir d'Ukrain.
De franséische President Emmanuel Macron huet annoncéiert, datt hien haut nach eng Reunioun mat e puer europäeschen a net-europäesche Staaten iwwer d'Ukrain géif ofhalen. Den Elysée huet net preziséiert, wéi eng Länner dat sinn.