Radioen

On air

Simon Says  |  EU.CLIDES - 4ª Feira

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA a Russland treffe sech d'nächst Woch a Saudi-Arabie fir Friddensverhandlungen

Krich an der Ukrain

USA a Russland treffe sech d'nächst Woch a Saudi-Arabie fir Friddensverhandlungen

Friddensverhandlunge fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze brénge ginn ëmmer méi konkret. D‘USA a Russland hu sech op ee Sommet gëeenegt.

auto_stories

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

Schonn d‘nächst Woch soll eng US-Delegatioun, mam US-Ausseminister Marco Rubio a säi russeschen Homolog Sergej Lawrow dofir a Saudi-Arabien reesen, heescht et vu Washington. Fir d‘USA sollen och nach den nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz an den Noost-Beoptraagte Steve Witkoff dobäi sinn.

Gläichzäiteg plangen d‘EU Staats- a Regierungscheffen och kuerzfristeg ee spezielle Sommet, an zwar och an den nächsten Deeg zu Paräis. Nach wier awer nach näischt festgeluecht, heescht et aus dem Elysee.

De Wolodymyr Selenskyj hat op der Münchener Sécherheetskonferenz kloer gefuerdert, datt och Europa bei Friddensverhandlunge mat um Dësch setzt.