Et ass eréischt dem Zinédine Zidane säin zweeten Trainerjob iwwerhaapt. Als Trainer vu Real Madrid konnt hien awer scho grouss Succèse feieren.
Vun 2016 bis 2018 an tëschent 2019 an 2021 huet hien déi Kinneklech trainéiert an dobäi dräimol d'Champions League an zweemol dat spuenescht Championnat gewonn.
Ee vun de gréisste Spiller jeemools
Nach méi bekannt dierft de Zinédine Zidane de Supporter duerch seng aktiv Spillerkarriär sinn. Och do liest sech de Palmarès gutt: Eemol Weltmeeschter, eng Kéier Europameeschter, eng Kéier Champions League-Gewënner, eemol spuenesche Meeschter an dräimol italieenesche Meeschter.
De mëttlerweil 54-Joer ale Fransous war awer och fir säin trauregt Enn vun där Karriär bekannt. No engem Kappstouss géint den Italieener Marco Materazzi ass hie bei sengem leschte Match, der WM-Finall 2006, mat enger rouder Kaart vum Terrain geflunn.