arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Depart vum Tour de France wäert trotz Lëtzebuerger Beméiungen net am Grand-Duché sinn

Cyclissem

|
reading time

1 min

Depart vum Tour de France wäert trotz Lëtzebuerger Beméiungen net am Grand-Duché sinn

Den Depart vum Tour de France 2028 wäert net zu Lëtzebuerg, mee zu Reims a Frankräich ofgehale ginn, confirméieren d'Organisateuren. Mee de Grand-Duché soll trotzdeem net eidel ausgoen.

reading time

1 min

Fändel vum Tour de France | © EPA/OLIVER WEIKEN
Fändel vum Tour de France (Foto: EPA/OLIVER WEIKEN)

Trotz de Beméiunge vu Lëtzebuerg wäert den Depart net zu Lëtzebuerg sinn, den Tour soll awer duerch de Grand-Duché fueren. Wéini ass nach net gewosst. Déi véier éischt Etappe sinn nieft Reims ënner anerem zu Metz, zu Thionville an zu Verdun. 

D'Entscheedung fir Reims wier néideg, fir reegelméisseg Departen a Frankräich ze organiséieren, obwuel een zwou "schéi Kandidature" gehat hätt, esou den Direkter vun der Tour de France als Erklärung. 

Méi wéi eng Etapp duerch Lëtzebuerg?

Den Tour-Chef Christian Prudhomme sot zu Reims virun der Press, hien hätt dem Premier Luc Frieden awer e "markante Passage" vum Tour duerch Lëtzebuerg proposéiert, an de Luc Frieden wier interesséiert gewiescht. De Grand-Duché wier flächeméisseg kleng, mee eng grouss Natioun vum Vëlosport a vum Tour de France. De Christiane Prudhomme huet drun erënnert, datt et am Joer 2028 100 Joer ginn, datt den Nicolas Frantz den Tour fir d'zweete Kéier gewonnen huet, a 70 Joer zënter der Victoire vum Charly Gaul. 

Optakt ass de 24. Juni 2028, also eng Woch méi fréi wéi soss. Dat wéinst den olympesche Spiller am selwechte Joer zu Los Angeles an den USA.