search

/ De fréieren CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Nicolas Strotz ass gestuerwen

Am Alter vu 85 Joer

|
reading time

1 min

De fréieren CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Nicolas Strotz ass gestuerwen

De fréieren CSV-Deputéierten Nicolas Strotz ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Dat huet säi Fils op Facebook matgedeelt. Den Nicolas Strotz war 15 Joer fir d‘CSV an der Chamber, vun 1989 bis 2004.

reading time

1 min

Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock )

24 Joer war den Nicolas Strotz och am Gemengerot vun der Gemeng Welleschten. Vun 1982 bis 2005 war hie Buergermeeschter. Den Nicolas Strotz war och bekannt als Basketballspiller. Hien huet an de 60er Joren zweemol fir déi lëtzebuergesch Nationalekipp gespillt.

De gebiertege Bielesser war och ufanks den 2000er Jore President vum nationale Pompjeesverband.