arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Defenseministesch Yuriko Backes huet sech um Knéi blesséiert a muss operéiert ginn

National

|
reading time

1 min

Defenseministesch Yuriko Backes huet sech um Knéi blesséiert a muss operéiert ginn

D‘Mobilitéits- an Defenseministesch Yuriko Backes huet sech bei hirer Aarbechtsvisitt an Däitschland um rietse Knéi blesséiert. D'DP-Politikerin muss Ufanks November mat de Kräizbänner operéiert ginn, wéi hir Ministèrë matgedeelt hunn. 

reading time

1 min

© MAE
(Foto: MAE)

Déi nächst Woche misst d‘Ministesch och scho méi lues maachen. Si géif awer hir Aarbecht an den dräi Ministèrë (Defense, Mobilitéit, Gläichberechtegung) weider assuréieren. No der Operatioun bréicht d'Ministesch dann och nach eng Recuperatiounsphas heescht et nach am Communiqué. 

Travail à distance

An de Ministèrë géif alles normal weiderlafen. Allerdéngs misste verschidde Reuniounen a Rendez-Vousen à distance gemaach ginn. Wichteg Deplacementer géifen awer bäibehale ginn.

D‘Yuriko Backes huet sech d'Blessur an Däitschland, am Kader vun der EU-Missioun fir déi militäresch Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain, zougezunn.