Trotz der tropescher Hëtzt ass de Marché de la Poésie um Freidegnomëtteg gutt gefëllt. Iwwer 300 Editeuren a Kulturinstitutiounen hunn hei hir Stänn opgeriicht. Dorënner och Kultur lx, déi hei mat Lëtzebuerger Editeuren déi neiste Poesiewierker aus Lëtzebuerg presentéieren. Dorënner zum Beispill Bicher vum Jean Portante, der Ulrike Bail, dem Lambert Schlechter oder dem Nico Helminger.
Méi Visibilitéit fir déi Lëtzebuerger Poesie
8 Lëtzebuerger Poeten a Poetinne waren dann och um Stand fir den Austausch mam Public an den Editeuren ze sichen. Dorënner de Robert Weis, deen hei säin néie Lyrikband “Les Chemins de Buachaille Etive Mòr” virgestallt huet - een Dialog tëschent Natur a Poesie. Virun zwee Joer war hie schonn als Visiteur um Marché, elo eng éischte Kéier als Auteur an den Androck war duerchaus positiv, och wéinst dem Setting, direkt bei der ikonescher Kierch St. Sulpice am 6. Arrondissement vu Paräis.
Kultur lx war net fir déi éischte Kéier beim Marché vertrueden. Et wier wichteg fir Visibilitéit fir d’Lëtzebuerger Poesie ze schafen a Kooperatiounen ze erméiglechen, seet de Michal Grabowski, dee sech beim Arts Council ëm d’Literatur këmmert.
Dem Pierre Joris gouf geduecht
Och de Brian Baily ass bei Kultur lx dofir zoustänneg d’Lëtzebuerger Literatur a Poesie no baussen ze droen an observéiert beim Public e speziellen Interessi fir dës. Et hätt ee Lëtzebuerger Poesie hei net ëmmer um Radar. Wat allerdéngs opfält ass, datt d’Selektioun um Kultur lx Stand dann dach éischter am héijen Alter ass.
Jonk Lëtzebuerger Poesie ass hei éischter rar. Ee Punkt, deen och dem Brian Bailey opgefall ass. Et géing ee Jonker encouragéieren, méi ze schreiwen an ze publizéieren. Dat wier nach work in progress, esou de Brian Bailey.
Bei dëser Editioun hunn d’Organisateuren och engem Lëtzebuerger Poet geduecht. Eng vun de klengen Alleeën um Marché gouf nom Pierre Joris benannt, deen am Februar verstuerwen ass. Dës Würdegung vum Poet wier eng grouss Éier, esou de Michal Grabowski.
Lëtzebuerger Poesie ass vilfälteg
Virun dräi Joer war Lëtzebuerg souguer offiziellen Éieregaascht um Marché de la Poésie a krut doduerch vill Visibilitéit. De President vum Event, den Yves Boudier, erënnert sech an hieft ervir, wat d’Lëtzebuerger Poesie fir hie bedeit: Vill ganz ënnerschiddlech Stëmmen an dat aus sou engem klénge Land.
Dës Vilfalt an der Lëtzebuerger Poesie ass och fir d’Hélène Tyrtoff e wichtege Punkt. Sie war um Stand vu Kultur lx fir hiren neie Band “de là” ze presentéieren, an deem Erënnerung an Identitéit zentral Theeme sinn. Net nëmme wier d’Lëtzebuerger Lyrik eng, déi sech a ville Sprooche géing ausdrécken, mee och duerch déi verschidden Hierkonft vun de Poeten a Poetinnen.
Vill - dorënner och si selwer - wiere souzesoen adoptéiert Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen, där hir Originnen am Ausland léien. Dat wier wichteg, fir och de Bléck no baussen ze halen.
En Éieregaascht aus Palästina
Bei dëser Editioun stoung awer een anert Land am Mëttelpunkt, an zwar den Éieregaascht Palästina. Dem Organisateur Yves Boudier war et grad elo immens wichteg, dës Poesie an de Fokus ze récken. Eng Poesie, déi him no ganz humanistesch ass an an där Fraen eng ganz wichteg Plaz anhuelen.
Ee vun den invitéierte palästinensesche Poeten, de Marwan Makhoul, gouf bei enger Podiumsdiskussioun gefrot, ob d’Poesie onofhängeg vum Kontext vum Genozid kéint existéieren. Seng Äntwert: Fir eng Poesie ze schreiwen, déi net politesch ass, muss ech de Gesang vun de Villercher héieren, an dofir muss de Kaméidi vum Bombardement ophalen.