Ob elo mat sengem wuel bekanntste Roman “Perl oder Pica” bis bäi säi leschte Roman “Ouninumm”, de Jhemp Hoscheit bréngt et ëmmer nees fäerdeg mat vill Déift, Humor a eng flotter a preziser Sprooch, den Alldag an de Mëttelpunkt ze setzen. A senge Geschichte fënnt ee Leit wéi s du an ech erëm, Mënschen där mir der bestëmmt kennen, Situatiounen déi mer all erlieft hunn, als Erwuessenen, oder och schonn als Kanner.
E schreift iwwert d’Liewen
Déi schéi Säiten an och déi net esou schéi Säite vu Lëtzebuerg beschreift de Jhemp Hoscheit eis a senge Geschichten, Geschichte wou, dat kann een esou soen, och vill Jhemp Hoscheit selwer mat dran ass. Beim Jhemp Hoscheit léiere mer als Beispill a „Perl oder Pica“ oder och „Aacht Deeg an der Woch“ Esch an den 1960er Jore kennen. An hie scheit och net prekär Sujet unzeschwätzen a sengem leschte Roman „Ouni Numm“ wou et ëm Mëssbrauch u Kanner an d’Suite dovunner geet.
Wat seng Bicher awer och ausmécht ass, datt dat ganzt awer ëmmer mat vill Häerz an deem engen oder anere clin d’oeil geschriwwen ass.
An hie schreift net nëmme fir Erwuessener mä och fir jonk Mënschen, fir Kanner.
D’Léift zum Schreiwe krut hie vun der Mamm
De Jhemp Hoscheit ass e Schreiwert, bei deem ee spiert, datt hie ganz genee dat gekuckt huet, wat schreift, hie kuckt an hie lauschtert an hien héiert och d’Tëschentéin. Et gi Kënschtler déi schreiwe Bicher an et ginn der déi schreiwe Liewen, de Jhemp Hoscheit mécht béides.
D’Freed, d’Passioun oder d’Léift fir d‘Schreiwe krut de Jhemp Hoscheit awer vu senger Mamm
"Meng Mamm huet net dierfte schreiwen, well hire Papp, mäi Bopa, de Victor Neuens, deen huet dem jonke Meedchen, dem Annie Neuens, jo praktesch verbueden, oder op alle Fall net un d’Häerz geluecht fir kreativ ze sinn. (...) Meng Mamm huet dat ënnerdréckt a si huet dat net dierfe maachen. Méi spéit huet si Tagebuch gefouert, oder wa se op Ausflich gaangen ass, dann huet se Gedichter geschriwwen am Bus mat hirem Block. (...) Do huet se dat nogeholl, wat se als jonkt Meedchen net huet dierfte maachen. An ech soen, datt meng Mamm mir deen Don ginn huet, ech féieren dat da weider an ech schreiwen an hirer Plaz, well si mir déi Kreativitéit ginn huet."
Net genuch Literatur a Kultur an der Schoul
De Jhemp Hoscheit huet franséisch Literatur um Cours universitaire an dono zu Stroossbuerg studéiert an huet laang als Proff ënnert anerem am Jongelycée zu Esch geschafft.
Wou de Jhemp Hoscheit an der Schoul ugefaangen huet, do ware si wuel Proff ma se waren awer och kulturell Animateuren an hiert grouss Uleies war, datt d’Kultur sollt e Bestanddeel vun de Couren a vun der Schoul sinn an d’Kultur soll net parallel lafen. Dat war ëmmer dem Jhemp Hoscheit seng grouss Suerg an e fënnt dat Kultur hautdesdaags net méi déi Plaz an der Schoul huet wéi zu senger Zäit.
"An och d’Liesen, dat ass wat mech ganz vill beschäftegt, datt ech fannen, datt déi Lieskultur an de Stellewäert, a besonnesch de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Literatur, datt déi haut vernoléissegt gëtt. D’Roll vum Lëtzebuergeschen am Unterrecht gëtt zimmlech vernoléissegt fannen ech an do misst ebe méi gemaach gi mat méi Liesungen, do missten Initiativen ergraff ginn, datt méi Schoulliesunge stattfannen, also méi Kultur, net parallel, net esou een Dag “Journée de la litérature” oder esou, dat ass alles gutt gemengt. Et muss e Bestanddeel gi vum Kursus, also vum ganze Kursus scolaire. An do muss sech ganz eeschtlech Gedanke gemaach ginn."
"Ouninumm" den aktuelle Roman
Mat sengen aktuelle Roman “Ouninumm” sinn mer nees zeréck an dem Geschäft dat dem Jhemp Hoscheit sengem Papp gehéiert huet, an dat mer schonn aus dem “Perl oder Pica” hir kennen. E Roman wou de Jhemp Hoscheit e Sujet abordéiert, deen och haut ëmmer nees an ëmmer nees an der Aktualitéit an der Realitéit steet, an zwar geet et ëm de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner, an dësem Fall duerch kathoulesch Kierch. An dat ass dem Jhemp Hoscheit sengem reelle Papp an deem Geschäft zu Esch geschitt.
"An der Par ass verzielt ginn, datt e Kaploun zwee Massendénger sexuell mëssbraucht hätt, a vue datt am Buttek ëmmer vill geschwat ginn ass, ass dat an deem Buttek erzielt ginn. Dat Gespréich oder déi Rumeur ass aus dem Geschäft eraus gaangen, déi ass do verbreet ginn an huet sech do verselbständegt, do war dat Gespréichstheema Nummer Eent an deem klenge Buttek. Wousst awer keen op déi Uschëllegunge begrënnt waren. Iwwert sexuelle Mëssbrauch u Kanner an der Institutioun Kierch, dat war deemools an de 60er Jore keen Theema."
Mee dem Jhemp Hoscheit säi Papp krut dorop hin awer Dreebréiwer an op seng Mamm ass gespaut ginn. Dem Jhemp Hoscheit säi Papp war op ee Mol den Täter.
"Dat verbreete vun deem Virworf, mäi Papp war op emol dorunner Schold. Well hien de Messager war. (...) An dat huet mech ëmmer beschäftegt an ech hunn déi Drohbréiwer och fonnt a versuergt. (...) Dass keen Trauma elo, dach meng Elteren haten e finanziellen a moralesch Schued, awer ech wollt dat och fir mech an der Literatur dach verschaffen."
Dee ganzen Developpement kann een am Jhemp Hoscheit sengem aktuelle Roman “Ouninumm” noliesen.
Awer och net ze vergiessen, et kann ee mam Jhemp Hoscheit laachen, mat senge Cabaretstexter oder senge satireschen Zäitreesen zesumme mam Jules Arpetti, hir Programmer „Sorry fir den Duercherneen“, „Mäerd alors“, oder „Fréier wor alles.“.
An et ass och e Genoss mam Jhemp Hoscheit ze diskutéieren a wann der eng Kéier d’Occasioun hutt, dat profitéiert dovunner.