De Krich am Noen Osten ass a senger drëtter Woch, an een Enn ass nach ëmmer net a Siicht. Och een Zil, notamment vun den US-Amerikaner, ass net ze erkennen. Wat Israel wëlles huet, ass ëmmerhi bësse méi kloer: All Feind an der Regioun ausschalten.
Datt Israel déi iranesch Droungen eescht hëlt, wier ze verstoen
Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens seet am 100,7-Interview, datt een d’Astellung vun Israel novollzéie kéint. Et dierft een net vergiessen, datt den Iran iwwer Joerzéngten ewech gedreet huet, Israel ze zerstéieren.
“Déi, déi esou schwätzen, musse mam Wuert geholl ginn.”
Ënner anerem dat wier e Grond gewiescht, firwat deemools ënner anerem Frankräich, Däitschland, Groussbritannien a China en Accord mam Iran a Saachen Atomprogramm ofgeschloss haten, fir eben ze verhënneren, datt eng iranesch Atombomm géint Israel agesat gëtt.
D'Onberechenbarkeet vum Donald Trump
Eng US-Strategie wier dogéint guer net ze erkennen, gëtt de Charles Goerens zou.
“Den Trump ass onberechenbar, och vis à vis vu sengen Alliéierten.”
Saachen, déi hie moies decidéiert, kënnen owes nees ganz anescht sinn, kritiséiert den DP-Politiker. An enger Welt, wou et bis virun e puer Joer nach eng gewësse Berechebarkeet gouf, wéilt hien elo mat all de Reegele briechen, a just no sengen eegene Reegele fueren.
Ausserdeem, esou de Charles Goerens, hätt déi rezent Vergaangenheet gewisen, datt ee mat Gebaier zerstéieren an héichrangeg Politiker ëmbréngen, kee Fridden erbäiféiere kann.
De Charles Goerens bedauert, datt mir als Westen zu der Onsécherheet an där Regioun bäidroen.
Amerikaneschen Amateurismus
De Krich huet och Konsequenzen op de Weste selwer, notamment d’Energiepräisser, déi klammen. Duerch d’Strooss vun Hormus passéiere keng Tanker méi. Dëse Blockage net virausgesi war eng fatal Feelaschätzung, betount den Europadeputéierten.
“Firwat huet den US-President Beroder? Hien hätt och nach selwer kënnen drop kommen. Ech fanne keng Wierder fir deen Amateursimus do ze qualifizéieren.”
Op dem Trump säi Wonsch, d’Strooss nees opzemaachen, ass keng Natioun esou richteg agaangen. Et ass jo och keen NATO-Staat attackéiert ginn, also muss kee Bündnis entstoen, mierkt de Charles Goerens un.
Een eenzelne President dierf souwisou keng Operatiounen diktéieren, mee dat schéngt dem Donald Trump och nees egal ze sinn.
Den Europäer bleift just d'Diplomatie
Vill Leit bekloen och, datt et alt nees e Konflikt ass, an deem Europa näischt ze mellen huet. De Charles Goerens erënnert awer drun, datt Europa an der Vergaangenheet zur Stabilisatioun an der Regioun bäigedroen huet, ebe grad duerch d’Atomofkommes mam Iran. Am Kader vun deem Accord ass et zu Kontrolle komm.
“Dat war nach e Grad vu Berechebarkeet, déi elo net méi do ass.”
An zënter datt d’USA den Accord gekënnegt hunn, hätten d’Amerikaner den Iraner Argumenter virun d’Nues geluecht, ze maache wat se wéilten, esou nach de Charles Goerens.
Als Europäer hätt ee just d’Diplomatie zur Verfügung, seet den Europapolitiker. Wann d’USA nämlech, als stäerkste Muecht op der Welt, och no e puer Woche mat engem enormen Asaz vu Waffen net richteg virukënnt, da géing dat virun allem weisen, datt Europa souwisou näischt hätt kënne maachen.
Nei Flüchtlingswell kéint Europa destabiliséieren
Eng aner méiglech Konsequenz vum Krich sinn nei Flüchtlingsstréim a Richtung Europa. Ironesch datt grad deen US-President, deen Europa opgefuerdert hat, d’Flüchtlinge méi ze kontrolléieren an ze limitéieren, elo eng nei Well ausléist.
Och dem russesche President Wladimir Putin spillt dat an d’Kaarten, mengt de Charles Goerens, well et Europa nees destabiliséiere kéint. Bei der leschter Flüchtlingskris hätt ee jo gesinn, wéi schwéier sech déi europäesch Länner gedoen haten, d’Flüchtlingen opzedeelen.
Ukrainkrich hätt kënne gestoppt ginn, esou de Charles Goerens
De Putin laacht awer nach aus engem anere Grond: De Krich am Noen Osten zitt déi ganz Opmierksamkeet op sech. Déi mannst kucken elo nach op de Krich an der Ukrain.
“Wat een hätt kënnen an der Ukrain maache mat engem Brochdeel vun de Waffen, déi elo am Iran gebraucht ginn. Dann hätt ee kënnen de Krich an der Ukrain stoppen.”
Et wieren allerdéngs ze wéineg Waffe geliwwert ginn, an dat och nach ze spéit, bedauert den Europadeputéierte Goerens.
Eng Koalitioun mat Gläichgesënnten
Hie stellt fest, datt de Westen am gaange wier sech ze “demontéieren”, a keng gemeinsam Ziler méi hätt. Mee hie mengt, datt een an Europa am gaange wier ze erkennen, datt ee sech “op déi hënnescht Been” misst stellen a sech eng nei Strategie misst ginn.
De Charles Goerens huet nach emol op dem kanadesche President Mark Carney seng Ried zu Davos opmierksam gemaach, dee gesot huet, Europa sollt sech ënner anerem mat Kanada an anere Gläichgesënnten zesummendinn.
“Dat wier warscheinlech de séchersten a raisonnabelste Wee, fir zesummen ze goen, wann et eist Zil ass, Integritéit ze behalen.”
Ekonomesch Konsequenze kéinte Schlëmmeres verhënneren
De Charles Goerens wëllt awer nach näischt vun engem Drëtte Weltkrich héieren. Et dierft een net liicht mat esou Hypotheesen ëmsprangen.
Et wier kloer, datt net just Israel, d’USA an den Iran Deel vun deem Konflikt wieren, schliisslech gi weltwäit Liwwerketten zerstéiert. Mee déi ekonomesch Konsequenze fir de Rescht vun der Welt wieren esou grouss, dat keen Interêt hätt, “zousätzlech an d’Feier ze blosen”, esou nach de Charles Goerens.