Um 13 Auer an der Mëttesstonn ass de Fakellaf zu Opech (Apach) a Frankräich gestart, duerno goung et op Pierel an Däitschland, a finalement op Schengen. Op der Place de l‘Europe war do eng Feier a Presenz ënner anerem vum Grand-Duc Henri an dem Ausseminister Xavier Bettel.
Zu Lëtzebuerg huet déi fréier Tennisspillerin Anne Kremer d'Fakel iwwerholl.