Och de President vum olympeschen Organisatiounscomité, Tony Estanguet, an de Préfet vu Paräis, Marc Guillaume, sinn de Moien an d‘Seine schwamme gaang.
Fir d‘Waasserqualitéit an der Seine ze verbessere goufen 1,4 Milliarden Euro investéiert. Wéinst dem ville Ree war d‘Waasser bis viru Kuerzem awer nach net propper genuch. Dat méi dréchent Wieder huet d‘Situatioun verbessert.
D‘leschte Samschdeg war d‘Sportsministerin Amélie Oudéa-Castéra viru lafende Kameraen an d‘Seine schwamme gaangen.
Anne Hidalgo se baigne dans la Seine, 9 jours avant le début des JO de Paris pic.twitter.com/X02JVhrygT
— BFMTV (@BFMTV) July 17, 2024