Virdrun hat hien den Deputéierten an der Chamber säin Aarbechtsprogramm a seng Visioun fir d'Landwirtschaft presentéiert.
De Christophe Hansen huet betount, hie wéilt besser Konditioune schafen, fir jonke Leit de Beruff vum Bauer schmackhaft ze maachen.
Konkreet Schrëtt fir méi Attraktivitéit vum Beruff vum Bauer
Fir de Beruff erëm méi attraktiv ze maachen, hätt hie schonn zwou gesetzlech Proposen eragereecht: eng dovu gesäit vir, datt et schrëftlech Kontrakter tëschent de Baueren an de Keefer vun de Produkter misst ginn.
“Dat ass wichteg, fir datt de Bauer oder d'Bauerin net systematesch ënner dem Produktiounspräis muss verkafen. Dat ass awer leider heiansdo de Fall. Wann de Produkt bis fäerdeg ass, da muss et fort, well dat sinn heiansdo och verdierflech Produkter. An dofir hu mir déi schrëftlech Kontrakter elo festgehalen. E Produzent weess, wat seng Inputkäschten a punkto Düngemëttel, a punkto Landpräis, a punkto Aarbechtskraaft sinn a wat e muss verdéngen, fir kënnen dervun ze liewen.”
D'Bauere wéissten och, wat si déi Jore virdru produzéiert hunn. Donieft wéilt ee weider Produzentenorganisatiounen ënnerstëtzen. Well wa sech méi Produzenten zesummendinn, dann hätte si natierlech eng besser Verhandlungspositioun, notamment par Rapport zu de Supermarchéen, huet den EU-Kommissär Christophe Hansen an der Chamber erkläert.
De Moment géif den Duerchschnëttsalter vun de Bauere bei iwwer 57 Joer leien. Grad mat Bléck op déi aktuell geopolitesch Lag wier et wichteg, datt déi europäesch Produktioun stabil opgestallt wier.