International gëtt vill Kritik um US-President Donald Trump sengen Aussoen zu der Gazasträif. Den Donald Trump hat jo ugekënnegt de Gazasträif ënnert amerikanesch Kontroll ze bréngen, zur Nout och mat militäreschem Asaz an déi Palästinenser:innen, déi do wunnen ëmzesidelen.
PLO setzt sech weider fir Zweestaateléisung an
D’palästinensesch Befreiungsorganisatioun PLO wiert sech däitlech géint dem US-President seng Aussoen. Op X heescht et, et géif een all "Opruff op d’Verdreiwung vum palästinensesche Vollek aus sengem Heemechtsland zeréck weisen." Si wieren do gebuer, hätten do gelieft a wäerten och do bleiwen. D’PLO géif sech och nach ëmmer fir eng Zweestaateléisung asetzen.
Och déi palästinensesch-islamistesch Hamas ass vehement dogéint. D‘Aussoe vum Donald Trump wiere rassistesch an op enger Linn mat extrem-rietsen israeelesche Positiounen. Nämlech ënner anerem där, datt een d'Palästinenser:inne wéilt ëmsidelen an déi palästinensesch Beweegung wéilt ausläschen. Dat deelt e Porte-Parole vun der Hamas mat.
Fragil Bezéiung gëtt nach méi op d'Spill gesat
An Israel sinn d’Meenungen iwwert dem Donald Trump seng Aussoe gespléckt. D’extreme droite freet sech. Anerer warne virdrun, datt een domat déi souwisou scho fragil Bezéiunge mat arabesche Länner géif op d’Spill setzen.
De Saudiarabeschen Ausseministère schreift an engem Communiqué, datt een "all Verletzung vun de legitimme Rechter vum palästinensesche Vollek, Annektéierung vun Terrainen oder Versich, d’palästinensescht Vollek vu sengem Land ze verdreiwen" verurteelt. Ägypten fuerdert och en Neiopbau vu Gaza ouni en Depart vun de Palästinenser:innen.
Gemëscht Reaktiounen aus den USA
Och an den USA selwer gëtt et vill Kritik um Donald Trump sengen Aussoen. Den demokratesche Senator Chris van Hollen seet, d‘Ausso wier näischt anescht wéi d’Ukënnegung vun enger ethnescher Säuberung. Souguer aus dem republikaneschen Eck ass net jidderee mam Donald Trump sengen Aussoen averstan.
De republikanesche Senator Lindsey Graham fënnt de Virschlag "problematesch". Virun allem well US-Zaldoten da géifen an de Gazasträif geschéckt ginn, mellen amerikanesch Medien.
10.000 mexikanesch Zaldoten op der Grenz
Mexiko huet gëschter um Dënschdeg iwwerdeems dermadder ugefaangen, eng 10.000 Zaldoten op der Grenz mat den USA ze stationéieren. Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum hat déi Aktioun versprach, nodeems den amerikanesche President Donald Trump eng 25-prozenteg Importtax falegelooss huet. D'Zaldote sollen déi illegal Migratioun an d'USA an den Handel mat der Drog Fentanyl stoppen.
Ersatz fir de Matt Gaetz gouf fonnt
Déi nei amerikanesch Regierung gëtt dann no an no komplett. Gëschter um Dënschdeg hunn d'Republikaner déi fréier Staatsanwältin vum Bundesstaat Florida Pam Bondi als Justizministesch confirméiert. De Poste war fir d'éischt fir de Matt Gaetz virgesinn. Deen huet seng Kandidatur awer wéinst Sex- an Drogenaffären opginn. D'Pam Bondi gëllt als extreem loyal Mataarbechterin vum Donald Trump.