Radioen

On air

Tockcity  |  Anna Erhard - Hot Family

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kann ee Kanner an der Trauer ënnerstëtzen?

Allerhellegen

Wéi kann ee Kanner an der Trauer ënnerstëtzen?

Sou kuerz virun Allerhellege komme bei ville vun eis Erënnerungen héich u Familljememberen a Frënn, déi net méi bei eis sinn, well si gestuerwe sinn. An esou geet et net just Erwuessenen, mee och Kanner. Grad bei Kanner traut ee sech awer net ëmmer sou richteg, dat oppen unzeschwätzen. Ass dat dee richtege Reflex?

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

Nee, seet d'Cilly Soragna vun der ABSL Trauerwee. Et wier wichteg, datt een d'Kanner an hirer Trauer gesäit. A genee dat géif dacks net geschéien, sou d'Vizepresidentin vun der ASBL Trauerwee. Kanner bräichten a sou enger Situatioun grad sou vill Informatioune wéi Erwuessener. Dobäi sollt een och ëmmer éierlech mat de Kanner sinn an d'Saach net schéi schwätzen.

"Also et soll ee wierklech och op seng Wierder oppassen. Wann elo eng Persoun verstuerwen ass, da soll een och soen 'si ass dout' an net 'hien ass ageschlof', oder 'hien ass fortgaangen'. Well dat ka bei Kanner och Ängschten entwéckelen. Si verstinn net oft déi Symbolik hannert deene Wierder."

Et soll ee seng Emotiounen als Erwuessenen och net verstoppen. Domat géif een dem Kand weisen, datt et dat och net maache muss. Dobäi misst een awer oppassen, d'Kanner net mat der eegener Trauer ze belaaschten.

Konkret Hëllef an Trauergruppen

D'ASBL Trauerwee hëlleft de Kanner, déi eng nostoend Persoun verluer hunn a sougenannten Trauergruppen, wou Kanner ee mol d'Woch beienee kommen, déi eppes Änleches erlieft hunn. D'Kanner bräichten e geschützte Raum an deem si hir Emotioune kënne weisen. Dat wier och keng zousätzlech Belaaschtung, sou d'Cilly Soragna.

"D'Kanner, déi trauere jo ganz anescht wéi mir Erwuessener. Si hunn einfach sou een natierleche Schutzmechanismus schonn. Si sprangen an d'Trauer, si sprangen erëm aus der Trauer. Dat hëlleft hinnen am Fong och fir déi Emotiounen ze verschaffen."

Trauerparken op Kierfechter

D'ASBL Trauerwee wier mëttlerweil och mat 3 Gemengen a Gespréicher, fir op Kierfechter "Trauerparken" anzeriichten, wou d'Famille sech mat hire Kanner nom Besuch um Kierfecht kënnen zeréckzéien. Dobäi soll dee Park d'Kanner ureege fir iwwer hir Trauer an iwwer den Doud ze schwätzen. Am Ausland géif et scho sou Projete ginn.

Dat kann zum Beispill eng Klunsch sinn, op där een net klunsche kann, well se sech net beweegt. Iwwer dee Wee kéint een dem Kand dann och symboliséieren, datt a sengem Liewen eppes stoe bliwwen ass, an datt sech eppes verännert huet. Dono kéint een da mam Kand d‘Gespréich iwwer dat, wat geschitt ass, verdéiwen.

Kanner mat op d'Graf huelen, oder net?

Well sech dës Woch d'Fro stellt: Jo, et soll een d'Kanner mat op d'Graf huelen, fir datt si d'Symbolik an d'Traditioun vun der Griewerséinung kënne materliewen, seet d'Cilly Soragna. Dee Moment kéint een erklären, wat do geschitt an et kéint een dem Kand natierlech och ëmmer de Choix loossen, ob et wëllt matgoen, oder net.