Radioen

On air

Moiesstudio  |  Lex Delles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charles Goerens: Europa riskéiert ganz eleng dozestoen

No den US-Walen

Charles Goerens: Europa riskéiert ganz eleng dozestoen

Europa hätt gewosst, datt den Donald Trump kéint zeréckgewielt ginn. Dat seet den DP Europadeputéierte Charles Goerens am 100,7-Interview. Hie géif weder de Wladimir Putin, nach den Donald Trump fäerten. Wat him Suerge mécht ass, datt Europa net op der Héicht ass.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Et wier gewosst, datt den Asaz vun den USA um Europäesche Kontinent eng Klammer ass, déi de 24. Februar 2022 opgaangen ass a déi och riskéiert rëm zouzegoen. Méi séier wéi erwaart a wéi ee sech wollt selwer zouginn. Europa géif riskéiere ganz eleng dozestoen.

"Ekonomesch gi mer zerriwwen tëschent de Vereenegte Staaten a China. D'Vereenegt Staate mat hirem Protektionismus, d'Chineese mat hirem Dumping."

Rezent Rapporte géifen iwwerdeems kloer demonstréieren, datt EU méi kompetitiv misst ginn an d‘Ressourcen am europäesche Bannemaart mobiliséieren. Anescht géif et fir Europa a Richtung Agonie goen, esou de Charles Goerens.

Platze vun der Ampelkoalitioun: Verwonnert, datt et soulaang gedauert huet

De Charles Goerens ass iwwerdeems och net iwwerrascht, datt d‘Ampelkoalitioun an Däitschland geplatzt ass. Hien hätt sech gewonnert, datt et iwwerhaapt nach esou laang gedauert huet.

D’Decisioun vun der FDP a vun hirem Chef Lindner sech elo ganz aus der 3er-Koalitioun zeréckzezéien, bewäert den DP-Politiker esou, datt de Christian Lindner net eréischt 2024 enigmatesch opgetruede wier.

Ech hunn am Fong och net verstanen, firwat datt d'FDP, déi programmatesch vill méi breet opgestallt ass, wéi dat wat se elo an der Regierungsaktivitéit erkenne loossen, firwat datt déi sech einfach wëll op den économisme liberal beschränken“

Dat géif an der Politik net duergoen a wier och net d‘Astellung vun deene meeschten. Dat eenzegt Kärmerkmal vun der FDP an de leschten 12 Méint wier de Refus vum Erofsetze vun der Vitesslimitt op den Autobunnen. Dat géif net duergoe fir eng responsabel Politik.