Radioen

On air

Moiesstudio  |  Serge Wilmes

play_arrow Live
search

/ Wéi kann een de Lycéesschüler:innen Demokratie méi no bréngen?

Den Hallwer Néng

Wéi kann een de Lycéesschüler:innen Demokratie méi no bréngen?

An de Schoulen ass dës Woch, wéi all Joer virun der Allerhellege Vakanz, d‘Demokratiewoch vum Zentrum fir Politesch Bildung. Grad an engem Joer an deem Schülerkommiteeswalen sinn, eng wichteg Geleeënheet, fir sech d‘Fro ze stellen, wéi een an der eegene Schoul d‘Demokratie a Participatioun fërdere kann.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Den Tom Ketter vum Zentrum fir Politesch Bildung këmmert sech ëm d‘Demokratiewoch. Déi ass all Joers virun der Allerhellege Vakanz an de Lycéeën. Nei dëst Joer ass, datt och de Fondamental an d‘Spillschoule matmaachen. Participatioun léisst sech vu klengem u léieren.

Mat Atelieren, wéi der Superwalkiermes, geet den ZpB an d‘Schoulen. Am Secondaire maachen all d‘Lycéeë mat. Et wëll een de Schüler:innen d‘Politik spilleresch méi no ze bréngen. Den Tom Ketter erkläert, datt ee souguer bei deene Jonke schonn eng gewësse Politikmiddegkeet observéiere kéint.

"Falsch geliefte Participatioun"

Bei de Schülerkommiteeswalen géif sech zum Beispill d‘Gefill breet maachen, datt et souwisou egal ass, wien ee wielt – et ännert sech souwisou näischt. Ee Problem, dee sech verstäerke wäert, wann een d‘Vertrauen an d‘Demokratie an d‘Representativitéit nees stäerkt respektiv nei opbaut, betount den Tom Ketter.

Déi Impressioun kéim och net aus dem Näischt: Engersäits gëtt et medial dacks sou presentéiert, obwuel et net sou ass, betount den Tom Ketter. Ee weideren Ursprong wier eng falsch geliefte Participatioun. Dat heescht, datt net op d‘Proposen an Iddie vun der Schüler:inne gelauschtert gëtt. Doduerch fille si sech net agebonnen an d‘Gestaltung vum Schoulliewen, an dat favoriséiert déi Politikmiddegkeet.

Néidegt Bewosstsinn gëtt besser

Et wier awer net an all Schoul esou an et wier och nach net verluer, ënnersträicht den Tom Ketter.

D‘Ateliere vum ZpB schaffen ënner anerem drop hin, de Schüler:innen Methode mat op de Wee ze ginn, wéi si sech méi abanne kënnen, a wéi enge Beräicher si sech amësche kënnen a bei wiem si mat hiren Iddien uklappe kënnen.

Iwwerdeems gëtt dat néidegt Bewosstsinn dofir och beim Léierpersonal besser. Vill Schoule maache mëttlerweil eng Demande beim ZpB – den dann och een Netzwierk tëschent de Schoulen opbaue kann.