arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tomorrowland Festival zu Boom an der Belsch wäert stattfannen

Trotz zerstéierter Haaptbün

|
headphones

1 min

Den Tomorrowland Festival zu Boom an der Belsch wäert stattfannen

De Festival wäert stattfannen, obwuel d'Haaptbün duerch e Feier schwéier beschiedegt gouf. Dat hunn d'Organisateure vun engem vun de gréissten Elektromuseksfestivalle vun der Welt de Mëttwoch den Owend annoncéiert.

headphones

1 min

Et gi Spekulatiounen, datt d'Feier duerch Tester vu Freedefeier ausgeléist gouf, dat ass awer net confirméiert. Vun der impressionnanter Bün, déi eng Biergwelt a Stengskulpture gewisen huet ass näischt iwwereg. Déi nächst zwee Weekender ginn zu Boom eng 400.000 Visiteuren aus aller Welt erwaart. Et si 600 Optrëtter op ënnerschiddleche Bünen, ënner anerem vum David Guetta, dem Armin Van Buuren oder och der Swedish House Mafia.