arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eurosonic 2026: Das Radial

Showcasefestival

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Eurosonic 2026: Das Radial

All Joer huet de Radio 100,7 déi grouss Éier, ee Lëtzebuergesche Museksprojet op Groningen op de Eurosonic Festival ze schécken. Dëst Joer ass d‘Wiel vun der Museksredaktioun op Das Radial gefall. Wie stécht dann hannert Das Radial?

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
© Lynn Theisen
(Foto: Lynn Theisen)

Das Radial ass aus der Performace gebuer, an dat ass net esou verwonnerlech, wann ee bedenkt, dass de Mann hannendrun ex-Inborn-Member an och Schauspiller ass. En heescht Max Thommes, pendelt tescht Lëtzebuerg a Berlin, a villaicht hutt dir e schonns op der däitscher Telé an enger Krimiserie, an der lëtzebuergescher Sitcom „Weemseesdet“, an engem Kinosfilm, oder natierlech am Theater gesinn. Geméiss der staarker Verbindung vum Projet mat Performance ass das Radial een iwwerspëtzene Personnage, kee fiabelen Narrateur. Ass d’Performance -Element am Projet, dat op der Bün esou wierksam ass, iwwerluecht, oder Bauchgefill, wollt ech do vun him wëssen? 

"D’Konzept ass aus Iwwerleeung ebtstanen, d’Performance ass Näuchgefuill. (Das Radial) ass ee Personnage, deen ech scho viru laangem erschaf hunn, a wann deen op der Bün ass, kommen d’Beweegungen, an eng gewësse Brutalitéit, ganz natierlech."

Digital, kal, aggressiv

Dräi Adjektiver beschreiwe kuerz den Androck, deen dee Personnage hannerléisst: Digital, kal, aggressiv. D’Musek ass elektronesch, knäppt iergendwou och un d’Neue Deuteche Welle un, an deelt där hir oft Paranoid Faszinatioun fir Technologie, sief et Raumschëffer oder Banannebrout.

An och deen ass aus dem Wiessel tëscht Schauspill a Musek entstanen. De fréieren Inborn-Batteur huet vill Erfarungen aus engem experimentelle Film, bei deem hien sech als Versuchskanéngche fräiwëlleg gemellt hat, an de Projet afléisse gelooss. De Film “Nothing to Hide” vun 2016 hat als Basis, dass de Max Thommes zwee Onbekannten Accès zu enger Selektioun vu sengen Daten aus Handy a Computer erlaabt huet, genéiss den üblechen Notzerbedingungen, an um Enn erschreckt festgestallt huet, wéi vill een aus e puer Daten eraustrianguléiere kann. Dofir ass seng Vue vun der Technologie, hire Méiglechkeeten, mee och hire Geforen, staark vun enger perséinlecher, emotionaler Erfarung gepräägt, a sicht och no där Verbindung.

"Ech hu mech gefrot, wat eis gesellschaftlech Problemer am Allgemenge sinn – de Rietsruck, d’Léift am digitalen Zäitalter – an opgepasst, iwwert dat Technologescht eraus och op dat Gesellschaftlecht op ze maachen."

Sprangbriet

Um Eurosonic opzetrieden, dat bedeit Visibilitéit, an dat virun engem ausgesichte Public vu Professionellen, dorenner Booker, Labelen, Manager an Agenten. Eng Chance, wäertvoll Kontakter e knäppen, an natierlech d’Geleenheet, nei Fans ze gewannen. A mat sengem sëlwer gemoolten Gesiicht ass Das Radial esou erkennbar, an op der Bün esou onbändeg och, dass si séier fir Begeeschterung suergen.

"Mir kruten ee gudde Sall an eng gutt Zait, a sinn zouversiichtlech, dass mir viru vollem Sall kënnen eppes bidden, wat d’Leit net all Dag erliewen."

D’Zukunft hällt net op

Doriwwer eraus ass ereischt virun e puer Méint ee ganzen Album mat Das-Radial-Songs erauskomm, entweder fuschnei oder iwwert d’Joren erauskomm, dee vum Aaron Ahrends vu Say Yes Dog ofgemëscht gouf. An een Album ass ee grousse Schrëtt, deen et gëllt, ze notzen.

An un Zukunftsprojet’en an Iddië feelt et net, well d’Technologie mécht jo och keng Paus.

"Zil ass et, am Summer kënnen e puer international Festivaller ze spillen, an nächst Joer och e puer nei Singelen erauszebréngen."

Déi nächst „Frontier“ ass dobäi net nëmmen d’Thematiséieren, mee och d’Benotze vu KI. Et dierf ee gespaant sinn.

Da Radial spillt um Eurosonic Noorderslag tëscht dem 14. An dem 17. Januar 2026.

play_arrow Lauschteren