arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Coming-of-Age-Disk voll deeglecher Routine an Nostalgie

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

E Coming-of-Age-Disk voll deeglecher Routine an Nostalgie

Mat hirem neien Album “Different Talking” zementéiere Frankie Cosmos sech als Band a blécken op d’Ufanksdeeg vum Projet zeréck. Mat hirem neien Album “Different Talking” presentéiert déi amerikanesch Indierock-Formatioun Frankie Cosmos e Coming-of-Age Disk voller Alldeeglechkeet an Nostalgie.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

“Different Talking” ass schonn de sechsten Album vu Frankie Cosmos mee et ass awer hiren éischten als Band a manner als Soloprojet. Ugefaangen huet Frankie Cosmos als Soloprojet vun der Greta Kline, Duechter vum amerikanesche Schauspiller Kevin Kline. Inspiréiert vum New Yorker Anti-Folk vun den Ufank 2000er huet si ënnert dësem Kënschtlernumm ugefaange Lo-fi Demoversiounen op Bandcamp eropzelueden, éier dunn 2014 den Debutalbum koum, deen awer och nach ëmmer immens no DIY geklongen huet. Zënterhier koumen nach véier Alben dobäi, wou si hire Sound e wéineg méi poléiert huet, ënner anerem “Vessel” vun 2018 mat deem hir den Duerchbroch gelongen ass. An elo eben den neien Disk “Different Talking” dee sech op zwou Manéiere vun den direkte Virgänger ënnerscheet. Frankie Cosmos ass iwwert d’Joeren ëmmer méi vun engem Soloprojet zu enger Band ginn, mee et ass elo den éischten Album, deen een och wierklech als Band opgeholl gouf. An zwar ganz eleng an engem Haus an Upstate NY an ouni externe Produzent. An dat ass dann den zweeten Ënnerscheed well et eben nees e Retour zur den DIY-Wuerzele vu Frankie Cosmos ass. Si hunn de Bedroom-Pop ni ganz ofgeluecht, mee dee kënnt hei nees méi stark eraus, zum Beispill am Song “Porcelain”.

An typescher Frankie Cosmos Manéier besteet den Album aus net manner ewéi 17 Tracks, déi awer alleguer och zimmlech kuerz sinn. An natierlech gëtt et hei och Variatioun, mee insgesamt ass et een Disk, dee staark vun Twee Pop gekennzeechent ass. Et kommen engem Referenzen ewéi Belle and Sebastien oder Beat Happening an de Sënn. Twee-Pop hat virun e puer Joer dank TikTok och e klenge Revival, et passt also och ganz gutt zum Zäitgeescht an awer feelt beim Disk e wéineg den nächste Schratt, also d’Weiderentwécklung. Et ass eng Hommage un d’Ufankszäit vu Frankie Cosmos mee ebe keen Album, op deem een elo eng néi Richtung aschléit. An dat kann da séier e wéineg repetitiv a monoton ginn, mee “Different Talking” packt et awer erfrëschend ze bléiwen och well et eben dach e puer Songs ginn, déi beim Lauschteren erausstiechen a mam Sound vum Album briechen, zum Beispill de méi rockegen Track “Your Take On”.

Textlech ass et ee Coming-of-Age Album, dee virun allem eben d’Verännerung an de Fokus stellt awer och dat Alldeeglecht. Op “Wonderland” séngt d’Greta Kline zum Beispill datt si méi al ass, datt si sech elo besser kennegeléiert huet. Um Albumcover gesi mir dann och d’Frontfra als Kand mat engem Teller Fritten. An da gëtt et natierlech nach de Song “One!Grey!Hair!”, dee sech mam Altersprozess ausernanersetzt - dat Ganzt awer mat engem humorvolle clin d’oeil, dee bei Frankie Cosmos esou dacks als Stilmëttel virkënnt.

play_arrow Lauschteren