arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drock op Russland soll erhéicht gi fir Moskau nees un de Verhandlungsdësch ze kréien

G7

|
reading time

1 min

Drock op Russland soll erhéicht gi fir Moskau nees un de Verhandlungsdësch ze kréien

D'USA an déi féierend europäesch Staaten si sech doriwwer eens ginn den Drock op Moskau ze erhéijen. All d'G7-Patricipanten, och den US-President Donald Trump, wiere sech eens, datt d'Lag un der Front an der Ukrain sech däitlech verbessert hätt.

reading time

1 min

© EPA/THIBAULT CAMUS / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/THIBAULT CAMUS / POOL MAXPPP OUT)

D'Ukrain wier an enger méi staarker Positioun a Russland kéint de Krich net gewannen, heescht et. Och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet sech optimistesch gewisen. D'Blat géif sech fir d'Ukrain dréinen. 

Den Donald Trump wéilt sech dann och nach eng Kéier mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um G7-Sommet treffen. Ob eleng oder zesumme mat anere gouf net preziséiert. 

Groussbritannien a Kanada hunn iwwerdeems nei Sanktioune géint Russland ugekënnegt. Dat ënner anerem géint déi sougenannt Schattenflotte vu Russland an déi russesch Rüstungsindustrie.