Ënner anerem soll et haut ëm d'Intensitéit vun den diplomateschen Efforte goen, déi vun der EU ausginn.
Bis elo ginn d'Gespréicher mat Moskau virun allem vun den USA mat Vertrieder vum Donald Trump gefouert.
Iwwerdeems huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gëschter annoncéiert, datt d'Ukrain mat Attacken op dat russescht Hannerland wäert weidermaachen. Dat fir Moskau ze weisen, datt si den Ugrëffskrich mat eegene Verloschter misste bezuelen, esou de Selenskyj.
Op seng Demande beschäftegt sech den UNO-Sécherheetsrot zu New York haut mat den Entwécklungen am Krich an der Ukrain.