Et ass déi drëtt international digital Sichaktioun vun Europol. Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufe geschat 20.000 Kanner aus de besate Gebidder an der Ukrain a Russland oder Belarus verschleeft.
E puer wiere vu russesche Staatsbierger:innen adoptéiert ginn. Anerer géifen a sougenannten "Ëm-Erzéiungscampen" oder psychiatresche Klinicke festgehale ginn.