Vun do aus sollen dann och Truppen a weideren aacht ëstleche Länner stationéiert ginn: An den dräi baltesche Republicken Estland, Lettland a Litauen, a Polen, Slowakei, Ungarn, Rumänien an a Bulgarien.
Estland: Kamäi vun Energiezentral vu russescher Dron getraff
An Estland an a Lettland sinn zwou Dronen erofgefall déi iwwer déi russesch Grenz geflu sinn. An Estland wier eng Energiezentral getraff ginn, dat huet den estnesche Geheimdéngscht matgedeelt. Et wier kee blesséiert ginn. Vun Tallin a Riga heescht et d‘Virfäll géifen ënnersicht ginn, fir erauszefannen, vu wou d‘Drone koumen.
Estland huet eng 300 Kilometer laang Grenz mat Russland. Am Laf vum russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain goufen aus Europäeschen a Nato-Länner an de leschte Jore méi dacks net identifizéiert Dronen an der Géigend vu Flughäfen a Militäreschen Installatioune gemellt.