arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Conseil a Parlament si sech eens: Gréng Luucht fir Accord iwwer US-Douanestaxen

Handelsofkommes

|
reading time

1 min

EU-Conseil a Parlament si sech eens: Gréng Luucht fir Accord iwwer US-Douanestaxen

Den Accord iwwer Douanestaxen tëschent der EU an den USA kann elo ëmgesat ginn. No Drock aus Washington a méintelaange Verhandlungen si sech den EU-Conseil an d‘EU-Parlament elo eens ginn. Deemno sollen Importtaxen op Wueren aus der USA virleefeg ausgesat ginn.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Esou hat d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen et schonn d‘lescht Joer mam Donald Trump decidéiert. Dat mam Zil, fir en Handelskrich ze evitéieren.

Am Géigenzuch solle maximal 15 Prozent Douanestaxen op Importer aus der EU erhuewe ginn. Hannergrond sinn nei Droungen aus den USA. De President Donald Trump hat mat neie Stroftaxe gedrot an en Delai bis Ufank Juli gesat.