arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Defense-Kommissär: D'Ukrain kéint Deel vun enger europäescher Arméi sinn

Neien EU-Defense-System

|
reading time

5 min

headphones

6 min

play_arrow

EU-Defense-Kommissär: D'Ukrain kéint Deel vun enger europäescher Arméi sinn

D’Ukrain huet Kapazitéiten, déi d’EU net huet, seet den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius, an eisem Interview. De Litauer schwätzt sech fir ee méi breeden EU-Defense-System aus, deen och d’Ukrain aschléisse géif.

reading time

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Andrius Kubilius am Interview | © Euranet Plus
Andrius Kubilius am Interview (Foto: Euranet Plus)

Op d’Fro, wéi sécher Europa den Ament op enger Skala vun eent bis zéng ass, wollt den éischte Verteidegungs-Kommissär an der Geschicht vun der Europäescher Unioun keng richteg Äntwert ginn.

Den Andrius Kubilius stoung Journalist:inne vum Radios-Reseau Euranet Plus, an dem de Radio 100,7 Member ass, Ried an Äntwert.

Grouss Erausfuerderung duerch US-Deklaratiounen a Krich géint den Iran

Et wier schwéier, dat an Zuelen auszedrécken, esou den Andrius Kubilius. Wat kloer wier, ass datt d’Situatioun den Ament schwiereg wier. Dat wéinst der russescher Aggressioun an den US-amerikaneschen Deklaratiounen, Truppen aus Europa ofzezéien. Donieft géif de Krich géint den Iran dozou féieren, datt US-Waffe fir Europa an d’Ukrain fir eng laang Zäit net méi esou disponibel sinn.

Dat alles, esou de Litauer, wier eng grouss Erausfuerderung. Et misst ee sech, esou de fréiere litauesche Premier an Europadeputéierten, seriö mat de Nouvellen aus den USA auserneesetzen.

Europäesch Trupp als Ersatz fir US-Zaldoten an Europa 

An zwar net nëmme mat deem, wat den Donald Trump op eng emotional Aart a Weis an d'Diskussioun bréngt. Mee och mat deem, wat d'US-Amerikaner schwaarz op wäiss an hirer nationaler Defense-Strategie niddergeschriwwen hunn. 

"Wann d'USA eescht maachen, an déi 8.000 Zaldoten aus Europa ofzéien, mussen déi duerch eng änlech Force ersat ginn. Déi Roll kéint eng Zort Europäesch Arméi iwwerhuelen." 

Dat kéint een “Europäesch Arméi” oder “Europäesch Asaz-Trupp” nennen. Et misst kloer sinn, datt esou eng Trupp keen Ersatz wier fir national Arméien, mee fir déi US-amerikanesch Truppen, déi den Ament an Europa stationéiert sinn.

An der EU sinn déi 27 Memberlänner amgaange massiv an d’Defense ze investéieren.

Andrius Kubilius am Interview | © Euranet Plus
Andrius Kubilius am Interview (Foto: Euranet Plus)

Andrius Kubilius: EU brauch méi politesch Eenheet an Defense-Froen

Trotzdeem gesäit den EU-Kommissär fir d’Defense nach ëmmer ee groussen Defizit an der Unioun. 

"Fir datt d’EU wierklech kapabel ass, grouss pan-europäesch Projeten an der Defense opzebauen, brauche mer vill méi politesch Eenheet ënner deenen, déi d’EU leeden. Dat muss nach kommen." 

Donieft bleift dee grousse strukturelle Problem bei de Kapazitéiten, Waffen an Europa ze produzéieren. Déi europäesch Mesuren, déi Produktioun unzekuerbelen, ware bis elo net ganz effikass.

"Trotz all eisen Investitiounen an d’Defense, ass Russland Europa wäit viraus am Moment an der Produktioun vu Waffen. Dat ass eng schlecht Tendenz."

Russland géif zum Beispill pro Joer ronn 1.200 Rakéite produzéieren, d’EU awer just 300. Iwwerdeems hätt d’Ukrain eréischt d’lescht Joer domat ugefaangen a wäert dëst Joer schonn op 700 kommen.

"Selenskyj-Fuerderung mécht Sënn"

Den ukrainesche President weess, datt säi Land eppes ze bidden huet. D’Ukrain misst selwer Deel vun engem europäesche Sécherheets-System ginn, esou de Wolodymyr Selenskyj.

Soll d’Ukrain also aktiv bei enger Europäescher Arméi matmaachen? Den EU-Kommissär fir d’Defense gesäit dat duerchaus als eng Méiglechkeet un.

"Ech fannen dem President Selenskyj eng Aussoe maache Sënn", esou den Andrius Kubilius op eis Nofro hin. Den EU-Kommissär zielt och d'Virdeeler dovun op.

"Wann d’Russen ee Land vun der NATO oder der EU ugräifen, dann huet een et mat enger Kampf-experimentéierter Arméi ze dinn. D’Europäer awer hu keng esou eng Experienz. Déi huet just d’Ukrain." 

Ze kucken, wéi een déi industriell a militäresch Kapazitéite vun der Ukrain integréiere kann, wier dowéinst eng grouss Valeur Ajoutée fir d’Entwécklung vun der Europäescher Defense.

"EU brauch ee méi breede System fir d'Defense" 

D’Ukrain an esou ee System ze integréieren, hätt dobäi och de Virdeel, de Problem ze ëmgoen, dee verschidde Länner domat hunn, datt d’Land Member vun der NATO gëtt.

D’EU brauch souwisou, dovun ass den EU-Kommissär fir d’Verdeedegung iwwerzeegt, ee méi breede System. Een deen iwwer d’EU erausgeet. Och wann een dofir nei Traitéë brauch, déi dann eventuell och d’Schafe vun enger Europäescher Arméi mat beinhalten.

"An der Europäescher Defense Unioun kéinten och aner Länner, dorënner d’Ukrain, dobäi sinn. Dat gesinn ech als eng ganz wichteg Perspektiv." 

D’Diskussiounen iwwer den Opbau vun esou engem breeden europäesche System zu deem nieft der Ukrain och Länner ewéi Groussbritannien a Norwege gehéieren, missten elo ufänken, esou den Andrius Kubilius.

Hei fannt Dir de Video vum Interview mam Andrius Kubilius

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren