arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Grenzagence Frontex soll zentral Roll bei Deportatioune kréien

Propos vun der EU-Kommissioun

|
reading time

2 min

EU-Grenzagence Frontex soll zentral Roll bei Deportatioune kréien

D’Europäesch Kommissioun wëllt d’Grenz-Agence Frontex personell verstäerken an och hiert Mandat däitlech ausbauen. Der Propose no soll Frontex ee Centre fir d’Zeréckschécke vun ofgewisenen Demandeurs d’Asyle ginn.

reading time

2 min

Magnus Brunner | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Magnus Brunner (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

D’Zuelen vun de Migranten, déi an d’Europäesch Unioun areesen wëllen, gi kontinuéierlech erof. Dat gëtt ënner anerem ëmmer nees vu Vertrieder vun der Europäescher Kommissioun ëmmer nees betount.

Trotzdeem brauchen déi 27 EU-Länner méi Hëllef, fir hir Grenzen ze geréieren, fënnt den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner. 

Magnus Brunner: Grenzschutz ass Garant fir de Fridden

An enger Argumentatioun, déi ee soss vun der extreme Droite gewinnt ass, bréngt hien de Fridden an der EU an direkten Zesummenhank mat der Sécherheet, déi de Grenzschutz garantéiere muss. 

Mir kennen nëmme dann eise Fridden behalen, wa mir eis Grenzen effikass protegéieren

Doraus ergëtt sech fir den éisträichesch Chrëscht-Demokrat, datt d’Mandat an d’Personal vu Frontex musse massiv ausgebaut ginn. 

Frontex sollt an Zukunft eng rapid Taskforce op d’Been setzen, fir an Krisesituatiounen bannent héchstens 24 Stonnen kënnen ze intervenéieren.

Dernieft soll een Online-Iwwerwaachungszentrum op d’Been gestallt ginn, fir Social Media Contenu z’observéieren. 

Aus Frontex soll eng Zort Europäesch Deportatiouns-Agence ginn

Geet et der Kommissioun no soll déi europäesch Grenzanlage an Zukunft virun allem awer eng ganz zentral Roll beim Zeréckschécke vun ofgewisenen Demandeur d’Asyl spillen.

D’Agence kritt där Propose no d’Kompetenz och Deportatioune vu Leit, déi schonn net méi an der EU sinn, ze koordinéieren an duerchzeféieren.

Dat kéint zum Beispill Migrante betreffen, déi an engem sou genannte Return Hub baussent der EU festgehale ginn a vun do aus an een anert Land deportéiert solle ginn.

Garantie fir Mënscherechter Deel vu Propos

Frontex steet ëmmer nees an der Kritik, d’Rechter vu Flüchtlingen a Migranten net genuch ze schützen.

Am Frontext - Mandat wieren déi strengsten Garantie fir d’Mënscherechter verankert, sou dozou de Magnus Brunner.

Kuerzfristeg soll d'Personal verduebelt, laangfristeg esou guer verzéngfacht ginn - vun aktuell 3000 op 30.000 Beamten, sou d’Propos vun der Europäescher Kommissioun. Domat wier allerdéngs d'Period bis iwwert deen nächsten EU-Budget also och nach d’Joren no 2034 gemengt, esou een héijen EU-Diplomat. 

Deementspriechend misst d’EU och méi Suen an d’Grenz-Agence stiechen. De Budget vun elo ronn 860 Milliounen Euro d’Joer misst verduebelt ginn.

Op d’Fro ob déi Investitioun gerechtfäerdegt ass, sot de Magnus Brunner, d’Europäesch Kommissioun géif mat hirer Propos enger Demande vun de Memberlänner nokommen.

Souwuel si ewéi och d’Europaparlament musse sech elo mat där Propos befaassen.