arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet: Lëtzebuerg an anerer verhënnere gemeinsam Conclusiounen iwwer Migratioun

 ECLAT WÉINST MIGRATIOUN

|
reading time

3 min

EU-Sommet: Lëtzebuerg an anerer verhënnere gemeinsam Conclusiounen iwwer Migratioun

De Langage vum Text, deen eng Partie Länner proposéiert hunn, hätt net de fundamentale Wäerter entsprach, fir déi d’EU steet, esou de Premier Luc Frieden nom EU-Sommet.

reading time

3 min

(v.l.n.r.) Luc Frieden, Péter Magyar, António Costa | © SIP / Frédéric Sierakowski
(v.l.n.r.) Luc Frieden, Péter Magyar, António Costa (Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

Hien hätt an deem Punkt perséinlech intervenéiert, erkläert de Luc Frieden, kuerz no enger längerer Diskussioun iwwer déi europäesch Migratiounspolitik, déi d’EU-Staats- a Regierungscheffe gëschter um Enn vum EU-Sommet gefouert hunn.

"Mir sinn net d'accord, datt een alles an een Dëppe gehäit. Et gi verschidden Zorte vu Migratiounen an net alles, wat an de Länner net riicht leeft, kann een zréckféieren op Migratioun oder illegal Migratiounen. Migratioun an duerfir dee Melange, deen do vu Verschiddenen gemaach ginn ass, deen hunn ech op d'schäerfst rejetéiert."

Eisen Informatiounen no haten eng Partie Länner ënner der Koordinatioun vun Dänemark, een Text proposéiert, an deem ënner anerem festgehale gouf, datt eng irregulär Migratioun eng "seriö Erausfuerderung fir d’Gesellschaft" duerstellt, "d’Gesondheets- an d’Educatiounssystemer ënner Drock setzt" a sech "negativ op d’Kriminalitéits-Tauxen auswierkt".

"Et koum op eemol en Text op den Dësch, deen net déi Wäerter reflektéiert huet, un déi mir gleewen."

Esou de Premier dozou.

Spuenien am Viséier

Mat Uspillung op Spuenie gouf an deem Text och festgehalen, datt et wichteg wier, Mesuren ze evitéieren, déi een Incentive fir eng illegal Migratioun duerstellen. 

Spuenien hat zejoert annoncéiert, Honnertdausenden vu Sans Papieren ze regulariséieren.

"Et ass och net, fir just engem Land ze soen, et hätt dat net richteg gemaach, well ... dat Land, wat an esou enger Situatioun ass, fir elo d'Beispill vu Spuenien ze huelen, ech mengen déi hunn dat gemaach, wat ee muss maachen."

Esou de Luc Frieden, iwwer déi spuenesch Reaktioun op d’Kris no den Arrivéeën an der spuenescher Enklave Ceuta.

Net eleng, mee och net an der Majoritéit

"Nee, ech war net eleng, mee ... Ech war och net an der Majoritéit."

Seet de Luc Frieden op d’Fro, wéi vill Länner sech an der Debatt ënnert de Staats- a Regierungscheffen änlech geäussert hunn.

Och de franséische President Emmanuel Macron huet dee proposéierten Text nom Sommet kritiséiert a sech hannert Spuenie gestallt.

Um Enn gouf just ee minimalisteschen Text am Kapitel iwwert d’Migratioun festgehalen. Et géif een da spéider op de Sujet zeréckkommen, heescht et elo an de schrëftleche Conclusiounen.

*An enger éischter Versioun vun dësem Text hate mir geschriwwen, datt keng Conclusiounen zur Migratioun festgehale gi wieren. Dat ass awer net richteg: Et goufe schliisslech e puer méi allgemeng Sätz am Kapitel iwwer d'Migratioun festgehalen. (Update 09:25h)