Radioen

On air

Vue sur mer  |  Lauryn Hill - Ex-Factor

play_arrow Live
search

/ EU-Kommissioun kritt méi Alerten iwwer geféierlech Produiten

EU-SAFETY GATE

EU-Kommissioun kritt méi Alerten iwwer geféierlech Produiten

Den Alerte System “Safety Gate” notéiert esou vill Warnunge virun geféierleche Produiten ewéi nach ni. Am meeschte betraff si Kosmetik a Spillsaachen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Zoonar | MAREVGENNA
(Foto: picture alliance / Zoonar | MAREVGENNA)

Eng 4137 geféierlech Produite goufen zejoert dem responsabelen europäesche Schnell-Warnsystem “Safety Gate” gemellt. Dat sinn der esou vill, wéi nach ni, zënter datt de System am Joer 2003 lancéiert gouf. 2023 louch déi Zuel bei 3412.

De Joresrapport, deen e Mëttwoch publizéiert gouf, gëtt een Iwwerbléck iwwert geféierlech Produiten, déi zejoert um europäesche Marché notéiert goufen. De System gëllt fir all Produiten, ausser Liewensmëttelen.

35 Prozent vun Alerte betreffe Kosmetik

Am meeschte Problemer goufe bei Kosmetik-Produite gemellt. Si maachen iwwert een Drëttel vun den Alerten iwwer méiglech gesondheetlech Risiken aus. Dono komme Spillsaache mat 15 Prozent, an elektronesch Geräter mat 10 Prozent.

D’Haaptursaach fir de Risiko ware geféierlech chemesch Stoffer, déi fonnt goufen. A 97 Prozent vun de kosmetesche Produiten, déi gemellt goufen, war dee verbuedenen syntheeteschen Duftstoff BMHCA dran. Dee ka schiedlech si fir de reproduktive System oder Hautirritatiounen ausléisen.

Et goufen och Cadmium, Néckel oder Bläi a Bijouen, genee ewéi Substanzen, déi Allergien ausléise kënnen a Kierper-Ueleg oder awer syntheetesch Chemikalien, fir Plastik méi mëll ze maachen, zum Beispill a Kleeder fonnt.

Bal ëmmer wieren déi national Autoritéiten deene Fäll nogaangen an hätten de Verkaf gestoppt oder d’Produite vum Marché geholl, schreift d’Kommissioun an hirem Rapport.

Dank deem europäesche System, zu deem all Memberland Zougank huet, kéint all Land bei sech doheem, op déi gemellte Problemer reagéieren.