Rechter fir Fluchpassagéier: Nach keen Acccord tëschent EU-Parlament a Memberlänner
D'Verhandlungen iwwer d'Rechter vu Fluchpassagéier tëschent den EU-Staaten an dem EU-Parlament ginn haut an déi decisiv Phas. No enger Verhandlungsronn bis déif an d'Nuecht iwwert d'Reglement leien d'Positioune vun den EU-Länner an dem Parlament nach ëmmer auserneen.
Bei den Entschiedegungen am Fall vu Verspéidunge vu Flich zum Beispill fuerderen d'EU-Staaten, datt d‘Passagéier an Zukunft eréischt no véier Stonne Retard eng finanziell Entschiedegung kënne kréien. D‘EU-Parlament fuerdert par contre datt Passagéier, wéi bis elo, no 3 Stonne Retard Recht op eng Entschiedegung hunn.
Wa bis Mëtt Juni weider keng Eenegung fonnt gëtt wäert et bei de Fluchpassagéierrechter beim Status-Quo bleiwen.