Am Europaparlament huet eng grouss Majoritéit vun de 720 EU-Deputéiert gréng Luucht ginn, fir nei Reegele fir d’Koordinatioun vun de Sécurité-Sociale-Systemer, an der Europäescher Unioun. D’Reglement gouf mat 511 Jo-Stëmmen zu 87 Nee-Stëmmen an 61 Enthalungen ugeholl.
Déi neie Reegele gëlle virun allem fir EU-Bierger a Biergerinnen, déi net an hirem Heemechtsland liewen oder schaffen. Wien Usproch op Chômage-Indemnisatiounen huet, soll an Zukunft op mannst sechs Méint laang, och an engem aneren EU-Land, ee Recht op Indemnisatiounen hunn.
Héich Käschte fir Lëtzebuerg wéinst de ville Frontalieren
Op d’Lëtzebuerger Regierung komme wéinst der héijer Zuel u Frontalieren däitlech méi héich Käschten zou. Den Aarbechtsminister Marc Spautz hat vun zousätzleche Käschte vu bis zu 200 Milliounen Euro geschwat. Lëtzebuerg hat dowéinst am Abrëll géint déi nei Reegele gestëmmt. Déi grouss Majoritéit vun den EU-Memberlänner hat sech awer dofir ausgeschwat.
D’Frontalieren, déi op mannst 22 Wochen zu Lëtzebuerg affiliéiert sinn, kréie prinzipiell ee Recht op Chômage.
Lëtzebuerg kritt fënnef Joer Zäit
Mam Vott vum Europaparlament ass de Wee fräi fir datt d’Reglement a Kraaft trëtt. D’Memberlänner hunn zwee Joer Zäit, fir et ëmzesetzen. Lëtzebuerg krut als eenzegt Land eng Iwwergankszäit vun am Ganze fënnef Joer accordéiert.
Ënnert de Lëtzebuerger Europadeputéiert hunn de Marc Angel (LSAP),de Charel Goerens (DP) an d’Tilly Metz (Déi Gréng) fir déi nei Reegelegestëmmt, wärend sech déi zwou EU-Deputéiert vun der CSV, an de Fernand Kartheiser vun der ADR, enthalen hunn.
De grousse Support am Europaparlament, deen et um Enn fir déi nei Reegele gouf, wier een zeechen dofir, datt een eng balancéiert Solutioun fonnt hätt, sot en Dënschdeg de Mëtteg nom Vott d’Europadeputéiert Gabriele Bischoff. Déi däitsch Sozialdemokratin hat d’Verhandlunge jorelaang am Numm vum Europaparlament gefouert.