arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zougang zu Soziale Medien: Kënnt eng gemeinsam Altersgrenz fir all EU-Memberlänner?

EU-Kommissioun

|
reading time

1 min

Zougang zu Soziale Medien: Kënnt eng gemeinsam Altersgrenz fir all EU-Memberlänner?

E Grupp vun Experten huet am Optrag vun der EU-Kommissioun recommandéiert, den Zougang zu de Soziale Medie fir Kanner ënner 13 Joer an allen EU-Memberstaaten anzeschränken.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Engem neie Rapport no, deen haut zu Bréissel virgestallt gouf, sollen digital Servicer a Sozial Medie bis zu dësem Alter nëmmen ënner Opsiicht vun den Elteren oder an engem pädagogesche Kader a fir eng begrenzten Zäit dierfe genotzt ginn.

Dës Recommandatioune goufe vun engem Grupp vun Experten ausgeschafft, déi vun der Presidentin vun der EU-Kommissioun, Ursula von der Leyen, agesat gouf.