arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Reglement fir KI: Et soll méi einfach ginn d'Realitéit vun der KI ze ënnerscheeden

EU AI-ACT

|
reading time

1 min

EU-Reglement fir KI: Et soll méi einfach ginn d'Realitéit vun der KI ze ënnerscheeden

Mat der neier europäescher Reglementatioun zur Kënschtlecher Intelligenz soll et méi einfach gi reelle Contenu vu KI-generéiertem Contenu ze ënnerscheeden. Dat sot de KI-Spezialist vun der Medieniwwerwaachungsautoritéit ALIA, den Théo Antunes, de Moien am 100,7 Interview.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi nei EU-Reglementatioun gesäit vir, datt Bild-, oder Audio-Contenuen, déi mat Hëllef vun enger KI erstallt goufen, an Zukunft kloer visuell musse gekennzeechent ginn.

Wat gëllt als Deepfake?

Dat géif allerdéngs just fir Deepfakes gëllen – also fir Contenuen, déi vun enger KI generéiert goufen an awer wierken, wéi wa se reell wieren, an esou Leit ierféiere kéinten, esou den Théo Antunes vun der ALIA.

KI-Contenuen, déi keng Deepfakes sinn, missten also streng geholl keng visuell Kennzeechnung virgesinn.

"Toutefois, les développeurs des systèmes qui génèrent ce genre de contenu doivent prévoir une labellisation dite par machine, ça veut dire que tous les contenus générés par IA doivent avoir par exemple une labellisation qui permet de les authentifier, mais via des moyens informatiques." 

Dat kéint da beispillsweis e Pixel sinn, deen ee mat bloussem A net erkennt, oder och Modifikatioune beim Toun, esou nach den Théo Antunes.

Zu Lëtzebuerg ass d’Gesetz, dat d’EU-Reglementatioun an nationaalt Recht ëmsetzt, bis ewell nach net duerch d’Chamber gaangen. 

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Théo Antunes vun der ALIA