D‘EU wier nach wäit ewech vun hirem Zil, fir d‘Zuel vun de Verkéiersdoudeger bis 2030 ëm ëm d‘Hallschent ze reduzéieren.
Zu Lëtzebuerg wiere grouss Progrèse gemaach ginn: Vun 132 Doudesaffer an de 70er Jore wier een hei am Land op 29 Doudesfäll d‘lescht Joer komm. Et missten awer weider Efforte gemaach ginn, fir d‘Stroosse méi sécher ze maachen.