search

/ EU-Sommet: Wéi grouss gëtt den Drock op de Viktor Orbán?

EU-PRÊT FIR D’UKRAIN

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

EU-Sommet: Wéi grouss gëtt den Drock op de Viktor Orbán?

Ungarn an d’Slowakei blockéieren nach ëmmer d’Ausbezuele vun enger Finanzhëllef an der Héicht vun 90 Milliarden Euro un d’Ukrain. Et schéngt éischter onwarscheinlech, datt béid Länner haut um EU-Sommet noginn.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Den ungaresche Premier Victor Orban | © picture alliance / dts-Agentur | -
Den ungaresche Premier Victor Orban (Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

De Krich am Noen Osten an d’Konsequenzen dovun ënner anerem op den Energiemaart stinn am Mëttelpunkt haut um EU-Sommet zu Bréissel.

Et gëtt erwaart, datt d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner vum Sommet aus een Appell fir eng Deeskalatioun am Iran lancéieren.

Konsequenze vum Krich am Noen Osten am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen

Si wäerten och iwwer méi kuerz-, a laangfristeg Moyenen diskutéieren, fir eventuell enger Hausse vun de Präisser entgéintzewierken.

Lëtzebuerg gëtt duerch de Premier Luc Frieden zu Bréissel vertrueden.

Ëmstridden ass bis elo eng Reform vum Handel mat Emissiouns-Certificaten. Dat wäert verschiddenen EU-Diplomaten no ee vun den Haaptsujeten op der Reunioun sinn.

Orbán: Ouni Ueleg, keng Suen

Iwwerdeems blockéieren Ungarn an d’Slowakei nach ëmmer d’Ausbezuele vun enger Finanzhëllef an der Héicht vu 90 Milliarden Euro un d’Ukrain.

Iwwer dee Prêt vun 90 Milliarden Euro war ee sech schonn um leschte Sommet eens ginn. Ungarn an d’Slowakei waren d’Accord, ënner der Konditioun, datt si net fir déi Suen opkommen.

Kuerz drop huet Ungarn säi Wuert gebrach an déi néideg Ännerung am EU-Budget fir d’Ausbezuele vun de Sue ganz einfach blockéiert.

“Ouni Ueleg keng Suen”, esou den ungaresche Premier. Fir d'éischt misst d’Ukrain déi beschiedegt Druschba Pipeline, duerch déi nach ëmmer russesche Pëtrol an Ungarn an d’Slowakei fléisst, reparéieren. Eréischt dono kéim d’Land un d’EU-Suen. 

EU-Kommissioun huet keng Alternative presentéiert

Et schéngt, wéi wann de Viktor Orbán um Hiewel sëtzt. D'Annonce vun der Kommissiounscheffin méi fréi am Mount, d’Ukrain kritt déi Suen op deem engen oder anere Wee ausbezuelt, blouf bis elo ouni Suite. Ee Plang B gouf am Fong ni presentéiert, esou eng EU-Source.

Gëschter hat d’Ursula von der Leyen annoncéiert, d’EU géif d’Ukrain technesch ënnerstëtzen, fir de Schued esou séier wéi méiglech ze behiewen.

Dat wier eng wichteg Etapp fir d’Diskussiounen iwwer de finanzielle Support fir d’Ukrain nees opzehuelen, stoung an deem Communiqué um 12 Auer. Eng Stonn dono koum eng verbessert Versioun an där dee Saz gestrach war.

Et wéilt een dee Sujet vun der Ukrain-Hëllef net mat deem vun der Pipeline vermëschen, sot gëschter een EU-Diplomat. Déi Hëllef wier decidéiert, dowéinst géif ënner de Staats- a Regierungscheffen net méi doriwwer diskutéiert ginn.

Wéi een Drockmëttel hunn déi 25 aner Staats- a Regierungscheffen?

Et wier ze erwaarden, datt verschidde Staats- a Regierungscheffen Drock op de Viktor Orbán maachen, sot een aneren EU-Offiziellen, ouni awer kënnen ze preziséieren, aus wat genee deen Drock kéint bestoen.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems matgedeelt, datt domat ze rechnen ass, datt d’Pipeline bis Ufank Mee reparéiert wier.

Dat wier no de Walen an Ungarn, bei deenen et kéint zu engem Wiessel kommen. Een Datum, mat deem all Säite schéngen ze schaffen, ouni datt ee genee weess, wiem wat notzt.

play_arrow Lauschteren