arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiseler-Lima: Zesummenaarbecht mat rietsextreeme Parteie fir d’CSV net akzeptabel

Europäesch Unioun

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Wiseler-Lima: Zesummenaarbecht mat rietsextreeme Parteie fir d’CSV net akzeptabel

D’CSV-Politikerin reagéiert op eng rezent Recherche vun der däitscher Presseagence DPA, déi oppe leet, datt Memberen aus der Europäescher Vollekspartei – zu där och d’Lëtzebuerger CSV gehéiert – aktiv mat Vertrieder:inne vu rietsextreeme Parteien no gemeinsame Positioune gesicht hätt.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Isabel Wiseler-Lima | © European Union
D'Isabel Wiseler-Lima (Foto: European Union)

Konkret géif et drëm goen, fir eng Propos duerchzekréien, an där Asyldemandeuren a sougenannt Return-Hubs baussent der EU sollen expulséiert ginn, esou d'Recherche vun der DPA. 

Et géif et e Whatsappgrupp ginn an där Deputéiert vun der EVP an der Extrême droite sech sollen ausgetosch hunn. Iwwerdeems soll et ee perséinlecht Treffe vun Deputéierte ginn hunn zu der Fro, wéi ee mat Migrante soll ëmgoen, déi ausgewise ginn.

Zesummeschaffe weiderhi fir CSV ausgeschloss 

Doropshi konnt d’EVP hir Vue zu enger Verschäerfung vun der Migratiounspolitik zesummen am Europaparlament mat rietsextreemer Ënnerstëtzung duerchsetzen. Dat géint de Wëlle vun de Sozialdemokraten a Liberalen, mat deenen d’EVP u sech eng informell Koalitioun huet.

Een Zesummeschaffe mat extreem rietse Parteie wier fir d’CSV ausgeschloss, seet d’Isabel Wiseler-Lima.

"Dat Zesummeschaffen, dat ass fir eis total ausgeschloss. A mir hunn och bis elo gesot kritt, datt dat net géif geschéien."

EVP-Grupp wäert sech wuel domat beschäftegen 

Och den EVP-Fraktiounschef an CSU Vizepresident Manfred Weber hat gesot, datt hien näischt vun där Kooperatioun gewosst hätt, esou d’Isabel Wiseler-Lima. 

"Et ass dat, wat hie mir och gesot huet. An ech muss soen, datt dat trotzdeem, vue datt dat elo esou do als Fakt do steet, gëtt dat och ganz bestëmmt nach eng Kéier an der Grupp zeréckgeholl, dat nach eng Kéier driwwer geschwat gëtt." 

Et misst jiddefalls verhënnert ginn, datt et nach eemol zu esou enger Kooperatioun géif kommen, esou nach d’CSV-Europa-Deputéiert. 

"Mee et ass ganz einfach, datt ee muss soen, datt dat net geet. Also ech mengen et ass kloer, datt mir mussen déi Positioun anhalen, an datt dat och muss kloer gesot ginn. Et kann net sinn."

Kritik um EVP-Fraktiounschef gouf et vun der Isabel Wiseler-Lima awer net. An och zu méigleche Konsequenze konnt d’Europadeputéiert näischt soen.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Isabel Wiseler-Lima 

Jean-Claude Juncker: Inakzeptabel, mat extreeme Parteien "ze flirten" 

De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech haut och an engem Interview mam Deutschlandfunk dozou geäussert. Hie seet och, et wier inakzeptabel, mat den extreeme Parteien "ze flirten".

Déi Europäesch Politik wier op déi politesch Mëtt ugewisen an et dierft ee sech weder an dat eent Extreemt, nach an dat anert verléieren. Dat géif Europa net gutt doen, esou de Jean-Claude Juncker.

Hien ass och der Meenung, datt et gutt méiglech wier, datt den EVP-Fraktiounspresident Manfred Weber näischt vun de Gruppenchatten a Treffe gewosst hätt - wann dat da géif stëmmen, betount de fréiere Kommissiounspresident.

A senger Zäit als EU-Kommissiounspresident hätt hien och ëmmer nees erlieft, datt sech Gruppéierunge forméiert hätten, déi him net gepasst hätten, esou de Jean-Claude Juncker am Deutschlandfunk.

play_arrow Lauschteren