Op dësem Conseil goung et ëm weider méiglech Schrëtt am Handelssträit mat den USA. Engersäits goung et dobäi ëm méiglech Verhandlunge mat den USA, an anerersäits ëm, wann néideg, geziilten europäesch Géigemesuren.
Offer gouf scho virun Taxen-Ukënnegungen an d'Spill bruecht
Den EU-Handelskommissär huet de Méindegmëtteg erkläert, hien hätt d’Offer vun der EU fir all Douanestaxen op Industriegidder op béide Säite falen ze loossen, schonn nom 19. Februar, also virun den neien Taxen-Ukënnegunge vun den USA an d’Spill bruecht.
Nieft den Taxen op Autoen, géif et dobäi zum Beispill och ëm Chemikalië goen, esou de Maroš Šefčovič.
En Dënschdeg gi Géigemesuren a Kraaft gesat
Den EU-Kommissär huet hei um Kierchbierg awer och annoncéiert, datt d’EU schonn een Dënschdeg d’nächst Woch éischt Géigemesurë fir d’US-Taxen op Stol an Aluminium wäert a Kraaft setzen.
Den definitiven Accord fir d’Lëscht vun de betraffene Gidder soll dëse Mëttwoch falen. Bei der éischter Etapp geet et ëm d’Erëmaféierung vun EU-Spezialtaxen op zum Beispill Jeans oder Motorrieder.
Zil ass et net ze eskaléieren
De Vertrieder vun der polnescher Rotspresidence huet nom Conseil vun den EU-Handelsministeren a Ministerinne gesot, datt et d’Zil wier, mat den USA ze verhandelen, an net ze eskaléieren.
Déi béid Alliéiert EU an USA solle sech zesumme setzen, an d’Problemer duerch Verhandlunge léisen, esou och den EU-Handelskommissär.