arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech ginn dovun aus, datt den Trump stuer genuch ass fir bei sengem Kurs ze bleiwen"

EU-Deputéierte Charles Goerens

|
reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow

"Ech ginn dovun aus, datt den Trump stuer genuch ass fir bei sengem Kurs ze bleiwen"

Mat Spannung ass op d'Walresultater vun den US-amerikanesche Midterms gekuckt ginn. Net just an den USA, mee och an Europa. Elo ass kloer: Den Donald Trump gouf ofgestrooft. Mee wat bedeit dat fir d'Relatioune mat der EU?

reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow
De Charles Goerens | © Radio 100,7
De Charles Goerens (Foto: Radio 100,7)

Bei de Kongresswalen an den USA, och Midterms genannt, hunn d’Wieler:innen den Donald Trump a seng republikanesch Partei ofgestrooft. Dat wier eng gutt Nouvelle, mengt de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Charles Goerens. Domat géingen d’Géigegewiichter nees “opgepeppelt” ginn.

Wéi een Afloss huet d'Walresultat op Europa?

Bis elo konnt den Donald Trump nämlech regéieren, ouni ze kucken, wat de Senat oder d’Representantenhaus denken, well béid a republikanescher Hand waren. Elo sinn d’Demokraten an der Majoritéit.

Interessant ze gesi wäert sinn, wéi een Afloss dëst Walresultat op Europa wäert hunn, wou et eng Rei Parteie ginn – meeschtens um rietse Bord – déi sech um Donald Trump orientéiert hunn.

Gëtt sech elo vu Personnage wéi JD Vance, Marco Rubio an och Elon Musk distanzéiert? Jo, mengt den DP-Politiker.

“Et huet Repercussiounen op Europa, op eis Wirtschaft, op d’Sécherheetspolitik, an och vläit op déi politesch Landschaft.”

Verhale Reaktioune vu Bréissel – aus guddem Grond

Aussepolitesch bleift dem Donald Trump säi Spillraum allerdéngs relativ grouss. Dem Kongress sinn an deem Beräich d’Hänn gebonnen. Dofir war d’Reaktioun vu Bréissel op d’Walresultat och éischter verhalen.

De Charles Goerens warnt, datt eventuell Impeachment-Prozeduren oder soss Enquêtë géint den Donald Trump net wäit goe wäerten, well et all kéiers eng Zweedrëttelmajoritéit brauch. 

Souguer wann de Senat an d’Representantenhaus him aussepolitesch Grenze wëllen opweisen, muss den US-President deem net follegen. Den DP-Europadeputéierte gëtt e konkreet Beispill: Wann de Kongress fir weider Hëllefe fir d’Ukrain stëmmt, muss den Donald Trump déi Sue guer net ausginn.

Et stellt ee sech also op zéi zwee Joer a bis déi nächst Presidentschaftswalen am Joer 2028.

“Ech gi mol dovun aus, datt hie stuer genuch ass fir bei sengem Kurs ze bleiwen. Ech ginn dovun aus, datt hien och am mëttleren Orient viru mécht, wat hie wëllt.”

Dem US-President bleift vill Muecht iwwereg

Aus EU-Siicht sinn et natierlech déi amerikanesch Douanestaxen, déi a leschter Zäit dominéiert hunn. Och déi kann hie weiderhi per Dekreet bestëmmen, erkläert de Charles Goerens. 

“Wann hie vun engem Geriicht zeréckgepaff gëtt, dann hëlt hien dat zur Kenntnis an da kënnt hien duerno rëm mat engem neien Dekreet fir dat, wat hie virdrun annuléiert kritt huet, ze erneieren.”

Allerdéngs wéisst een net, wat an den nächste Méint alles geschitt, seet de Charles Goerens. Kloer wier just, datt seng Haapt-Alliéiert ufänken, sech vun him ze distanzéieren.

Zukunft vun der EU läit an eisen eegenen Hänn

Sinn d’Relatiounen tëschent der EU an den USA dauerhaft beschiedegt? Oder kann een neie President an zwee Joer dat nees änneren?

De Charles Goerens stellt fest, datt et an den USA e breede Konsens gëtt, datt d’EU sech méi ëm seng eege Sécherheet bekëmmert a sech och finanziell méi involvéiert. Dat wier iwweregens net just bei de Republikaner, mee och bei den Demokraten esou.
Den eenzegen Ënnerscheed ass deen, datt den Donald Trump déi Vue op eng “brutal” Aart a Weis vertrueden huet.

Dofir wéilt den EU-Deputéierten d’Zukunft vun der EU net ze vill vun den USA an dem Walresultat ofhängeg maachen.

“Am Allgemengen analyséieren ech, wat an deem Walausgang fir d’Zukunft vun Europa dran ass, wéi vill Zukunft ass do dran? Do ass meng Äntwert ganz kloer: Déi Zukunft, déi do dran ass, déi hänkt vun den Europäer of a vu soss kengem.”

De Charles Goerens plädéiert dofir, op de Wee ze goen deen de Mario Dragi fir d’EU opgewisen huet, fir den technologesche Retard op d’USA a China séier opzehuelen. Dat mat engem järlech zousätzlechen Investissement vun 800 Milliarden Euro.

“Entweeder investéiere mir do 800 Milliarden Euro d’Joer zousätzlech, esou wéi den Dragi dat a sengem Bericht virgeschriwwen huet, oder mir ginn definitiv an eng drëtt Liga spillen.”

Charles Goerens geet vun EU-Erweiderung aus 

D’Zukunft vun der EU: Dat war och gëschter Theema zu Bréissel, wou d’EU-Erweiderung am Mëttelpunkt stoung. Am Rapport, dee presentéiert ginn ass, ass ze liesen, datt Montenegro reell Chancen huet fir schonn an zwee Joer EU-Member ze ginn.

De Charles Goerens stëmmt deem zou.

“Ech halen dat praktesch fir ginn. Ech ginn dovun aus, datt si Enn 2028 Member sinn.”

Montenegro hätt all d’Kapitelen ofgeschloss, déi néideg waren: Zum Theema Rechtsstaatlechkeet, europäesch Wirtschaftlechkeet a si kënnen den Acquis communautaire iwwerhuelen.

Et kéint een dem DP-Europadeputéierten no net mat engem Partner esou laang negociéieren, bis en alles erfëllt, fir dann nach e Rückzieher ze maachen.

E weidere potentielle Kandidat ass d’Republik Moldau. Vun hirer Presidentin Maia Sandu ass de Charles Goerens begeeschtert. Et wier eng staark Perséinlechkeet, déi sech zu den EU-Wäerter bekenne géing. 

E Land wéi Moldau, dat esou staark ënner russeschem Drock steet a beaflosst gëtt, op en EU-frëndleche Kurs ze bréngen, dat géing dem Charles Goerens no scho bal un e Wonner grenzen.

EU um richtege Wee, mee vill ze lues par rapport zu den USA a China

Wat ee méi Memberen huet, wat et och méi schwéier wäert ginn an Zukunft, Entscheedungen ze huelen. Dat, well an der Europäescher Unioun déi qualifizéiert Majoritéit gëllt, also op d’mannst zwee Drëttel.

De Charles Goerens erkläert, datt een am Europaparlament just eng schwaach Majoritéit gehat hätt fir un d’Verträg ze goen an d’Decisiounsmechanismen ze änneren, fir kënnen eng einfach Majoritéit anzeféieren.

Eng Ouverture, fir dat ze maachen, fir awer ze erkennen. Dat, well een an der Aussepolitik net viru kënnt.

“Stellt Iech emol vir, de Xi Jinping dee misst, ier hien eng aussepolitesch Entscheedung hëlt, den Accord hu vun der Provënz, wou d’Uiguren dra liewen. Oder den Donald Trump misst waarden, wat den Texas seet, oder den Alaska oder den Ohio. Da kéimen déi och kee Millimeter virun.”

Op der ganzer Welt géing et a federalen Ensembele keng eng politesch Entitéit ginn, wou nach esou decidéiert gëtt wéi an der EU, ënnersträicht de Charles Goerens.

Et wier een um richtege Wee, mee nach vill ze lues, mengt den Europadeputéierten.

play_arrow Lauschteren