"Addison" ass den Debutalbum vun der Addison Rae, mee si ass awer schonn zënter Jore bekannt, wann och an enger anerer Roll. Et kennt ee si vläicht vun TikTok, do zielt si zu de beléiften Influencer:innen an huet iwwer 88 Millioune Follower. Si huet scho virun e puer Joer hir éischt Schrëtt a Richtung Musekskarriär ënnerholl, huet och schonn a Filmer wéi der Netflix-Komedie "He’s Al That" matgespillt. Mee et war ee Remix vum leschte Joer, deen der Addison Rae hir musikalesch Ambitiounen op een neien Niveau gehuewen huet. An zwar huet si Lyrics bäigesteiert fir e Remix vun der brittescher Kënschtlerin Charlie XCX. Duerno koumen dunn och zimmlech séier déi éischt Singlë vum neien Disk an elo eeben den Debut "Addison".
Wa leschte Summer ganz am Zeeche vu "brat", also dem Disk vun der Charlie XCX, stoung, da sollte mir eis vläicht dëst Joer op een Addison-Summer preparéieren. Well hiren Debut ass wierklech en Tour de Force duerch d'Popwelt - vu Bubblegumpop, iwwer Dancepop bis hin zu méi experimentellem Hyperpop. An et ass och wierklech en Hommage un alleguer d'Popdiven. De Song "Diet Pepsi" spillt zum Beispill mat der Hillbilly an Americana-Romantik, déi ee vun den éischte Lana del Rey Diske kennt. Och ganz sënnlech an e Krack nostalgesch wéi eeben d'Musek vun der Lana del Rey. An natierlech ass dësen Track alles anescht wéi Diet Pepsi, mee villméi prall gefëllten Zockergoss.
Wéineg iwwerraschend fir "” séngt d'Addison Rae "I got a taste of the glamorous life"
"Money is everything" ass dann eng Od un de kapitalisteschen Hedonismus. De Message: dat lescht Hiem huet keng Täschen, also léiwer alles ausginn an d'Liewe genéissen. Hei nennt d’Addsion Rae dann och e puer musikalesch Virbiller beim Numm, nämlech d’Madonna, d’Lana del Rey, d’Marilyn Monroe an och d’Lady Gaga. Ee méi subtillen Hommage ass de Song “Headphones On”, an deem sengem Videoclip d’Addsion Rae an Island ass, an et muss ee kee Pop-Verschwörungstheoreetiker sinn, fir d’Referenzen op d’Björk ze erkennen. Och wann et musikalesch éischter bei britteschen Y2K Acts wéi All Saints ass.
E weideren Highlight ass “Aquamarine”, e wierklech blénkeg-poléierte Popsong, deen och déi ganz Produktioun vum Album op de Punkt bréngt. Iergendwou tëschent iwwerdréinter Popsymbolik an 90s-Kitsch trëfft d’Addsion Rae hei déi gëlle Mëtt a liwwert e Popalbum, deen een an den nächste Méint sécherlech nach méi dacks wäert héieren.