24,8 Grad war d'Duerchschnëttstemperatur gëschter a Frankräich. Dat ass ee Rekord fir de Mee. Schonn e Méindeg war e Rekord mat 24,6 Grad opgestallt ginn.
Et ass eng éischt Hëtztwell fir dëst Joer, awer wéi d'Monique Barbut, d'Ministesch fir déi ekologesch Transitioun, sot, ass et sécherlech net déi lescht.
Och haut: Orange Warnung am Weste vu Frankräich
Gëschter goufe plazeweis 36 Grad erreecht. Dat si bis zu 15 Grad méi wéi déi üblech Temperature fir dës Joreszäit. An den Thermometer bleift och nach uewen an deenen nächsten Deeg. Bis zu 39 bis 40 Grad gi plazeweis, virun allem am Weste vum Land, erwaart.
Dofir stinn och haut 13 Departementer am Westen ënner der zweethéchster Warnstuf fir Hëtzt. Eréischt e Sonndeg soll et nees ofkillen.
Déi aktuell Canicule huet och scho siwe Persounen direkt an indirekt d'Liewe kascht. Zwou Persoune si wéinst der Hëtzt beim Sport gestuerwen, fënnef weider Persoune sinn erdronk, wéi si sech am Waasser ofkille wollten.
Canicule zwar keng Iwwerraschung, awer schockéierend
Stied ewéi Paräis hu gëschter schonn déi ëffentlech Parke bis an d'Nuecht opgelooss, fir datt d'Awunner:innen der Hëtzt entkomme kënnen.
Beim Tennistournoi Roland-Garros hunn d'Secouristen eng 40 Mol missen agräifen, well et public Malaisë wéinst den Temperature gouf.
D'Regierung sot, den Ament wier awer nach alles ënner Kontroll. Et wier nach keng Noutsituatioun.
Trotzdeem ginn d'Leit opgefuerdert opzepassen. E Klimatolog vu Météo-France sot, dës Canicule wier zwar net iwwerraschent, an awer schockéierend.