arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stuerm mat engem Tornado a Frankräich

Schwéiert Onwieder

|
reading time

1 min

Stuerm mat engem Tornado a Frankräich

Bei engem Stuerm mat engem Tornado am franséischen Departement Val d'Oise ass gëschter Owend op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. Aacht Leit wiere blesséiert ginn, dovu wiere véier Persounen a Liewensgefor, esou d'Prefektur vu Val d'Oise.

reading time

1 min

Illustratioun Stuerm | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres
Illustratioun Stuerm (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres)

Vum Stuerm betraff waren ënnert anerem d'Uertschaften Eaubonne an Ermont. Den Tornado huet Diecher vun Haiser mat gerappt, et gouf héije Materialschued.