arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Schrëtt fir Pensiounsreform an Däitschland ass gemaach

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Éischte Schrëtt fir Pensiounsreform an Däitschland ass gemaach

Fënnef Méint laang huet eng Expertekommissioun an Däitschland u Reformpropose fir de Pensiounssystem geschafft. D'Resultat: eng Lëscht vun 33 Recommandatiounen, déi d'Bundesregierung elo, nodeems se se gesinn huet, bal integral wëllt iwwerhuelen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH)

D’Reform vum däitsche Pensiounssystem hätt Auswierkungen op praktesch déi ganz Gesellschaft.

Däitsche Pensiounssystem geet aktuell net méi op

Ronderëm den aktuelle Pensiounssystem an Däitschland steet et net gutt. Dat huet de Bundeskanzler Friedrich Merz bei der Virstellung vun de Resultater vun der Rentekommissioun kloer betount.

"Immer weniger Beitragszahler müssen die Renten für immer mehr Rentner aufbringen. Deswegen mussten wir reagieren. Es ist allerhöchste Zeit. Nichts tun ist keine Option."

Schonn 2040 kéint an Däitschland op zwee Salariéen ee Pensionär kommen – déi Rechnung geet net méi op. D’Propose vun der Rentekommissioun sinn deemno an éischter Linn dorops ausgeluecht, datt de System sech och weiderhin nach ka selwer droen.

Méi Leit wäerten abezuele mussen

Dofir sollen an Zukunft zum Beispill méi Leit an d’Pensiounskeess abezuele wéi bis elo. Beamten, Selbststänneger an Deputéiert, déi bis elo net Deel vum reguläre Pensiounssystem sinn, géifen dat an Zukunft ginn.

Donieft soll Däitschland eng verflichtend Kapitalrente nom schweedesche Modell kréien, en Deel vum Pensiounsfong also um Aktiemaart investéiert ginn. Iwwerdeems  gëtt de Rentenantrëttsalter an Zukunft un d’Liewenserwaardung gekoppelt, an och d’Méiglechkeete fir méi fréi an d’Pensioun ze goen ageschränkt.

Ëmsetze wëllt d’Bundesregierung d’Reformproposen elo séier, sot de Friedrich Merz.

"Ich möchte, dass wir das sehr zügig jetzt auf den Weg bringen und dass wir im zweiten Halbjahr die Entscheidungen treffen, die notwendig sind, um diese Reform in Kraft zu setzen."

Säi Koalitiounspartner vun der SPD warnt awer virun ze vill Tempo. Well d’Pensiounsreform héichkomplex wier, sollt een eréischt no der Summerpaus – also kuerz virun de Landtagswalen am Hierscht – mat der Reform ufänken.

play_arrow Lauschteren