Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Éisträich: Historesch Victoire fir déi rietsextreem FPÖ

Schwiereg Regierungsbildung

Éisträich: Historesch Victoire fir déi rietsextreem FPÖ

D'FPÖ gëtt fir d‘éischte Kéier stäerkste politesch Kraaft an Éisträich. D'Regierungsparteie vu bis elo, ÖVP an déi Gréng, sinn déi grouss Verléierer.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Den Inneministère huet dat ëmmer nach virleefegt Endresultat de Sonndeg den Owend annoncéiert. Deemno kënnt d‘FPÖ op ronn 29 Prozent vun de Stëmmen. D'Kanzlerpartei vu bis elo, déi konservativ ÖVP, gouf mat 26,5 Prozent op déi zweet Plaz verdrängt. Drëttstäerkst ginn d'Sozialdemokrate mat ronn 21 Prozent. Déi Gréng, der ÖVP hire Regierungspartner vu bis elo, komme mat nëmmen 8 Prozent op déi véiert Plaz, hanner der liberaler NEOS.

Et annoncéiert sech elo eng schwiereg Regierungsbildung an Éisträich. Fir den FPÖ Chef Herbert Kickl wäert et ganz schwéier ginn, nächste Kanzler ze ginn. All déi aner Parteie leene bis elo eng Kollaboratioun mat him of.

Den éisträichesche President Alexander Van der Bellen sot, hie géif dës Woch mat alle Parteie schwätzen, déi am Parlament vertruede sinn.

Regierung méiglecherweis mat FPÖ, awer ouni Kickl

Et annoncéiert sech elo eng schwiereg Regierungsbildung an Éisträich. A wéi wäit déi aner Parteie bereet, oder net bereet sinn, mat der FPÖ an eng Koalitioun ze goen, hu mir de Peter Unger gefrot, hien ass Chef-Adjoint vum Ressort Innepolitik beim ëffentlech-rechtlechen éisterräichesche Sender ORF.

Hien huet drun erënnert, datt d‘FPÖ an der Vergaangenheet schonn an éisträichesche Regierunge war.

"Alle Parteien schließen eine Zusammenarbeit mit Herbert Kickl aus, also auch die ÖVP. Die ÖVP aber schließt eine grundsätzliche Zusammenarbeit mit der FPÖ nicht aus. Also wenn Kickl sozusagen den Schritt zur Seit machte und vielleicht in anderer Funktion, also nicht als Kanzler, oder als Minister Teil einer Regierung wäre, dann wäre das möglich."