Den Alfred Brendel gëllt als ee vun de bedeitendste Museker aus dem 20. an 21. Joerhonnert. Hie war den éischte Pianist, deen déi komplett Pianoswierker vum Beethoven opgeholl huet.
Nieft der Musek huet den Alfred Brendel Bicher geschriwwen an deenen hie sengem Humor fräie Laf gelooss huet. Hien huet sech dacks och iwwer d'klassesch Musek lëschteg gemaach.