Radioen

On air

Moiesstudio  |  Biig Piig - Favourite Girl

play_arrow Live
search

/ Elon Musk an AfD: EU-Kommissioun huet nach keng Äntwert

VIRUM MUSK-INTERVIEW MAT DER ALICE WEIDEL

Elon Musk an AfD: EU-Kommissioun huet nach keng Äntwert

Verstéisst den Elon Musk mat senger Walkampf-Hëllef fir déi däitsch AfD géint déi nei EU-Reegele fir Online-Plattformen? D’Europäesch Kommissioun enquêtéiert. Si seet awer net, wéini mat engem Resultat ze rechnen ass.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Elon Musk | © picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP play_arrow
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP

En Dënschdeg hat de Mark Zuckerberg, de CEO vu Facebook, annoncéiert, an den USA de Faktencheck-Programm ofzeschafen. Hie wéilt dofir suergen, datt d’Meenungsfräiheet nees hiergestallt gëtt an hie wielt sech zesumme mam neien amerikanesche President Donald Trump dogéint wieren, datt aner Regierungen den amerikaneschen Entreprisen eng Zensur virschreiwen.

Musk-Interview mat der Alice Weidel verstéisst net géint eng EU-Reegel

Dat ass ganz am Sënn vum Elon Musk, dem Proprietär vun der Plattform “X” an enke Beroder vum Donald Trump. Hien hat sech viru Kuerzem als Supporter vun der däitscher “AfD” ge-out a wëll haut, um Donneschdeg Owend, d’Cheffin vun där riets-extremer Partei, d’Alice Weidel, an engem live-stream op X interviewen.

Dat ass net illegal, mee et stelle sech eng Partie Froen, zum Beispill déi, ob den Elon Musk duerch seng politesch Aktiounen net géint dat neit EU-Gesetz verstéisst, wat d’Plattformen op de Soziale Medie reegelt.

Damian Böselager: Den Elon Musk gëtt sech selwer een disproportionéierten Hautparleur

Et géif Indikatiounen dofir, datt den Elon Musk sech selwer een disproportionellen Hautparleur an d’Hand gedréckt huet, schreift de gréngen Europadeputéierten Damian Böselager an engem Bréif un d’Europäesch Kommissioun.

Duerch ee fest installéierte Code géif den X-Chef méiglecherweis deen neutralen Algorithmus ënnerwanderen an dofir suergen, datt seng Tweete besonnesch vill X-User:innen erreechen. Dat géif eendeiteg géint déi nei Reegele fir Plattforme verstoussen, sou de Volt-Politiker. Hie rifft d’Kommissioun op, aktiv ze ginn.

EU-Enquête leeft zanter méi ewéi engem Joer

D’Europäesch Kommissioun hätt X, scho méi laang am Viséier, seet dozou de Spriecher vun der Kommissioun, den Thomas Regnier.

"Des craintes, on les a depuis quelques temps. On a ouvert une enquête au mois de décembre 2023. Cette enquête avance. Il faut du temps pour rassembler certains éléments, certaines preuves."

Konkret geet et zum Beispill drëms, d’Algorithmen op X ze analyséieren. D’Chefspriecherin Paula Pinho hat e Mëttwoch Krämpes fir ze erklären, firwat dofir méi ewéi ee Joer gebraucht gëtt.

"Il s'agit d'un tout nouveau domaine qu'on est en train d'exploiter. On est les premiers dans le monde à avoir un tel cadre réglementaire et on est vraiment en train d'être les premiers qui font de telle ou telle recherche. Donc effectivement, ça prend et ça prend du temps. Et on va finir et conclure ces investigations au niveau technique pour pouvoir après avancer."

Wéini d’Resultater vun där Enquête virleien a virun allem, ob dat iwwerhaapt nach virun de Walen an Däitschland den 23. Februar wäert de Fall sinn, wollt gëscht kee soen.

"Table ronde" mat X-Vertrieder:innen an Autoritéiten

D’Enquête wier awer net alles, sou den Thomas Regnier. Hie verweist op een Echange tëscht däitschen Autoritéiten a Vertrieder:inne vun X, dee vu Bréissel aus initiéiert gouf.

"Ce n’est pas s'il y a une enquête qui est ouverte contre X qu'on ne peut pas faire plus. C'est ce que nous faisons ici avec ce tour de table, avec cette table ronde qui va être organisée le 24 janvier. On est en échange continue avec X nos services, travaille et vérifie que X se conforme à ses obligations en amont des élections en Allemagne."

Keng politesch Reaktioun vun der EU

Politesch reagéieren op dem Elon Musk seng Aktivitéite wollt bis elo weder d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen nach déi, fir deen Dossier zoustänneg EU-Kommissärin, Henna Virkkunen. Doduerch géif ee just den Debat nach weider fidderen, seet d’Paula Pinho.

"C'est le choix politique pour l'instant de ne pas nourrir encore ce débat."

An der Tëschenzäit kënnt Kritik vun anere Politiker:innen - awer och déi, wéi zum Beispill vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden bleift éischter zeréckhalend. Méiglecherweis wëll keen et sech mam Amerikaner, dee soll Deel vun där neier Regierung gi vu virera verdierwen.

Facebook muss sech un EU-Gesetzer halen

Wat Facebook ugeet, sou war et gëscht just d’Präzisioun vun der Kommissioun, datt déi Ännerunge jo d’USA betreffen, an datt de Faktencheck an Europa nach ëmmer funktionéiert.

All Entreprise misst sech doriwwer eraus un d’EU Gesetzer halen. De Reproche, d’EU géing Zensur ausüben, gouf vehement zeréckgewisen. Den europäesche Reegelen no misste just illegal Contenue geläscht ginn. Wat illegal ass definéieren an der EU déi national Autoritéiten, sou d’Kommissioun.

Europaparlament fuerdert Äntwerte vun der EU-Kommissioun

D’Europaparlament wëll elo Drock maachen, datt d’Kommissioun méi séier aktiv gëtt. Ënner anerem déi liberal Fraktioun freet dréngend een Debat mat kloren Äntwerte vun der EU-Kommissioun iwwert d’Ëmsetze vum neie Gesetz an ënner anerem der Aart a Weis wéi Plattformen ewéi X gebraucht ginn, fir Walresultater ze beaflossen.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.